D'Pompjeeë goufen alarméiert. Duerch d'Feier koum et zu enger massiver Dampentwécklung.
Verstäerkung gouf direkt ugefuerdert an eng „Rigelstellung“ opgebaut. Et sollt verhënnert ginn, datt d'Feier op d'Ställ an eng Biogas-Anlag iwwergeet. Um kuerz virun 10 Auer koum d'Confirmatioun, dass dëst gelongen ass. Och d'Déiere goufen deels evakuéiert.

Eng ronn 800 Stréiballen hu misse vun der Plaz aus der Hal geholl ginn. Si goufen ofgeläscht an op e Feld transportéiert, fir datt se do a Sécherheet ausgemaach konnte ginn. Eng Aarbecht, déi de ganzen Dag sollt an Usproch huelen.
D'Waasser gouf aus engem Weier beim Kolpecher Schlass an aus der Atert geholl, honnerte Meter Schlauch waren heivir néideg. Et gouf och e Pendelverkéier mat Tankween. 13 Pompjeescorpse vun Ell, Rammerech, Réiden, Biekerech, Gréiwels, Groussbus-Préizerdaul, Aalebësch, Mamer, Stad, Ettelbréck, Stengefort, Käerch, Dikrech an Useldeng mat ronn 100 Leit waren dofir am Asaz. D'Drone goufen donieft agesat, fir d'Feier vun uewen ze kontrolléieren.

Den CR303 war wéinst dem Feier tëscht Nidder- an Uewerkolpech gespaart, eng Deviatioun ageriicht.
De CGDIS weist och drop hin, datt d'Kolpecher Schlass net vum Feier iergendwéi betraff war. Géint 20.20 Auer war d'Feier ënner Kontroll.