
Wéi de CGDIS mellt, waren d'Pompjeeë vu Keel, Diddeleng a Beetebuerg am Asaz, grad ewéi d'Beetebuerger Ambulanz.
Informatiounen iwwert d'Ausmooss vum Brand oder iwwert eventuell Blesséierter ginn et nach keng.
Kuerz no 19 Auer gouf et nach e Feier an enger Scheier zu Mëlleref. Hei waren d'Pompjeeë vu Lëntgen, Luerenzweiler a Steesel op der Plaz, grad ewéi d'Ambulanz vu Lëntgen. Och hei ginn et keng weider Informatioune vum CGDIS.