4 Leit fir Kontroll an d'SpidolFeier a vill Damp an engem Appartement zu Téiteng

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg de Moie géint 11 Auer huet et zu Téiteng an der Rue Pierre Schiltz an engem Appartementshaus gebrannt.
© CGDIS

Ausgebrach war d'Feier an enger Buanderie um Rez-de-chaussée. Eng Wäschmaschinn hat Feier gefaangen. Wéi d'Police confirméiert huet, waren d'Rettungsekippe séier op der Plaz.

D'Flame konnte sech net ausbreeden, et koum awer zu enger hefteger Dampentwécklung am Trapenhaus. 5 Leit konnten iwwer d'Dréileeder erfollegräich aus dem Haus gerett ginn. 4 vun hinne koume fir eng Kontroll an d'Spidol, well si ze vill Damp ageotemt haten.

Op de Plaz waren d'Pompjeeë vu Schëffleng, Diddeleng a Käl-Téiteng.

Back to Top
CIM LOGO