
Kuerz no 17 Auer hate sech an der Munnereferstrooss zu Uespelt 2 Ween sech ze pake kritt. Eng Persoun gouf dobäi blesséiert.
Géint 23 Auer gouf et ee Brand an enger Schräinerei zu Bettenduerf. D’Pompjeeë vu Bettenduerf goufen vun hire Kolleege vun Tandel, Dikrech an Ettelbréck ënnerstëtzt. Blesséiert gouf keen.