DeconfinementFeduse bedauert, datt Lycéesschüler nees all zesummen an d'Schoul ginn

RTL Lëtzebuerg
Wann nees bis zu 30 Schüler an enger Klass sëtzen, huet d'Proffegewerkschaft hir Bedenken, wat déi sanitär Moossnamen ugeet.

"Et soll een net Quantitéit mat Qualitéit verwiesselen",  sot de Raoul Scholtes, President vun der Proffegewerkschaft Feduse, de Moien op RTL Radio Lëtzebuerg.

D'Enseignanten am Secondaire bedaueren, datt och am Lycée d'Schüler vum 29. Juni nees all zesummen an d'Schoul ginn. Et hätt ee gutt Erfarunge mat de gespléckte Klasse gemaach, well ee méi individuell op d'Besoine vun deenen eenzele Schüler hätt kéinten agoen. Dofir géif ee keng Plusvalue dra gesinn, datt d'Schüler nach all Kéier 6 zousätzlech Deeg Cours an der Schoul hätten.

D'Lycéeë misste sech elo fir d'4. nees eng Kéier ëmorganiséieren, notamment wat d'Prüfungen ugeet. An och wat de sanitäre Volet ugeet, huet d'Feduse Bedenken, wann nees bis zu 30 Schüler zesummen an der Klass setzen. Kanner wiere wuel manner ustiechend, ma bei Jugendleche wier dat awer schonn anescht. Datt iwwert dee Wee soll fir de September getest ginn, wéi een Impakt dat huet, ass fir de Raoul Scholtes net déi richteg Approche. D'Feduse hofft iwwerdeems, datt am September weider vill op de Corona-Virus getest gëtt.

De ganzen Interview mam Raoul Scholtes

Et ass offiziell: Vum 29. Juni u ginn d'Schüler nees zesummen an d'Schoul
Felsea: Privatcrèchë si prett, fir nees normal ze funktionéieren

Back to Top
CIM LOGO