Covid-19 Ära beaflosst PrioritéitenFamill a Frënn sinn an der Pandemie méi wichteg ginn

RTL Lëtzebuerg
D'Stéierberodungsagence ATOZ huet eng Ëmfro zu de Leit hire geännerte Prioritéiten an der Corona-Ära an Optrag ginn.

"D'Leit wëllen e Changement, ma se si skeptesch wann et ëm d'Ëmsetzung dovunner geet": Dat ass graff resuméiert d'Haaptconclusioun, déi ATOZ aus enger Etüd zitt an där et ëm d'Covid-19 Ära an déi gesellschaftlech Erausfuerderunge geet, déi domadder verbonne sinn.

D'Entreprise, déi am Beräich vun der Steierberodung aktiv ass, hat dee Sondage an Optrag ginn. Se mécht zënter 2015 all Joers esou eng Ëmfro, als Bäitrag zum gesellschaftlechen Debat.

ATOZ-Sondage

D'Resultater weisen, datt d'Pandemie d'Gesellschaft verännert huet. 6 vun 10 Leit soen si hätten duerch Covid-19 verschidden Aspekter vun hirem Liewen iwwerduecht. Virop d'Bedeitung, déi Famill a Frënn hunn. De Keith O'Donnell vun ATOZ:

"Mir gesinn, datt dat vill méi wichteg ginn ass. Dat ass relativ einfach ze verstoen, well d'Pandemie huet gewisen, wéi fragil d'Mënsche sinn a mir haten och méi Zäit mat eiser Famill."

8 vun 10 Leit sinn dann der Meenung, datt Lëtzebuerg iwwert d'Manéier muss nodenken, wéi mer verschidde Saachen upaken.

Déi grouss Themen: Infrastruktur, Mobilitéit a Wunnengsbau

An dräi verschiddene Beräicher ass dee Wonsch no Verännerung besonnesch grouss. Dat sinn d'Infrastruktur, d'Mobilitéit an de Wunnengsbau op där enger Säit, dann de klimatesche Foussofdrock vum Land an déi sozial Systemer, déi um wirtschaftleche Wuesstem baséieren.

90 Prozent vun de Leit sinn och der Meenung, datt mer d'Manéier mussen iwwerdenken, wéi mer d'Welt gesinn, virop am Kampf géint de Klimawandel. Fir 6 vun 10 Leit ass d'Pandemie eng Geleeënheet, fir datt sech Saache kënnen änneren. Anengems soen awer 68 Prozent, datt een d'Welt net nei erfanne kann a  méi wéi d'Hallschent vun de Leit ass skeptesch, datt een d'Mënschheet iwwerhaapt nach kann zur Vernonft bréngen.

Fir de Keith O'Donnell gëtt et e Paradox tëschent den Opportunitéiten, déi d'Leit op där enger Säit gesinn, an der skeptescher Astellung, déi se op der anerer Säit hunn. "Dat ass och eng Geleeënheet fir eise Leadership fir ze gesinn, datt de Wëllen eppes z'änneren do ass, mä et muss ee mam Beispill, mat engem Modell virgoen, dee weist, datt mer dat wat mer wëllen och kënne maachen."

Manner wichteg am Verglach mat 2017 ass de finanzielle Succès ginn. Deemools soten 62 Prozent vun de Leit, datt Suen fir si wichteg sinn, haut sinn dat nach 48 Prozent. Fir 6 Prozent gëllt weider de Motto, wat méi wat besser.

Am allgemengen hunn d'Leit och méi eng kritesch Astellung vis-à-vis vun der Verméigensverwaltung. 35 Prozent hunn an Tëschenzäit eng kritesch Astellung, viru 4 Joer war dat knapp d'Hallschent.

Dëse Sondage gouf de leschte Mount vum Meenungsfuerschungsinstitut Quest gemaach, bei engem Echantillon vu 600 Leit. Alleguer d'Resultater fannt Dir an der Link-Box.

ATOZ-Ëmfro (ENG)

Back to Top
CIM LOGO