Zeie gesichtFall vun Homejacking an der Nuecht op e Méindeg zu Stroossen

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police en Dënschdeg matdeelt, koum et an der Nuecht op den 22. Juni zu Stroossen an der Cité Rackenberg zu engem sougenannten Fall vun "Homejacking".
© RTL Archivbild

D'Awunner vun engem Eefamilljenhaus goufe vun 3 Täter iwwerrascht an opgefuerdert hir Suen a d'Bijouen ofzeginn. An där Zäit goufe si mat engem Messer menacéiert.

Bei de Verdächtegen handelt et sech der Police no ëm 3 bis 4 Täter, déi Franséisch mat engem Accent geschwat hunn. Si sinn e Méindeg am fréie Moie géint 00.30 Auer mat engem sëlwergroen Audi A6 Avant geflücht. Beim Auto handelt et sech ëm een eelere Combi-Modell.

D'Brigangen hu sech iwwer Stroossen/Reckendall, wuel a Richtung Areler Autobunn oder Areler Strooss ewech gemaach.

Sämtlech Zeien, déi sou dee beschriwwenen Auto gesinn hunn, solle sech bei der Police um 113 mellen.

Back to Top
CIM LOGO