Amende vun 2.000 Euro géint KoppelFall vun "Esclavage domestique" - Urteel aus 1. Instanz confirméiert

RTL Lëtzebuerg
An dësem konkrete Fall goung et ëm d’Ausbeutung vun enger Fra ouni Pabeieren an engem Stot, an dat ronn 5 Joer laang.
Fall vun "Esclavage domestique"
An dësem konkrete Fall goung et ëm d’Ausbeutung vun enger Fra ouni Pabeieren an engem Stot, an dat ronn 5 Joer laang.

En Dënschdeg de Mëtteg gouf op der Cour d'Appel d'Urteel géint eng Koppel, déi wéinst 'esclavage domestique' ugeklot war, confirméiert.

Tëscht 2012 an 2017 huet eng Fra vun de Philippinnen an engem Stot gelieft a geschafft, ouni legal Pabeieren an ouni adequat Pai. An éischter Instanz war d'Koppel vum Virworf vum Mënschenhandel fräigesprach ginn, krut just eng Amende vun 2.000 Euro, well d'Fra net deklaréiert war.

De Parquet war géint dat Urteel an Appell gaangen. Den Appell gouf en Dënschdeg de Mëtteg an 2. Instanz als onbegrënnt zréckgewisen. Domadder bleift et beim Urteel aus der 1. Instanz

Back to Top
CIM LOGO