OpgepasstFake-RTL-Reklamm an de soziale Medien

RTL Lëtzebuerg
An de soziale Medien ass den Ament nees eng falsch Reklamm am Ëmlaf.

D'Foto, déi dofir benotzt gëtt, ass e Screenshot vun enger vun eise Presentatricen aus dem Journal. Op Facebook gëtt een op eng dubios Websäit, déi am RTL-Look ass, weidergeleet, op där en RTL-Interview resuméiert gëtt, deen et allerdéngs guer net gouf.

Hei en Extrait aus dem Artikel:

RTL huet weder eppes mat dëser Websäit, nach eppes mat dësem falschen Artikel ze dinn. Dëst ass e Fake, deemno heescht et: Oppassen!

Back to Top
CIM LOGO