
En onbekannten Automobilist huet en Auto, e groe Mazda 3, dee laanscht Strooss stoung, erwëscht an huet e beschiedegt. Dono huet den Onbekannte sech duerch d'Bascht gemaach. All nëtzlech Informatioune si fir d'Police vun Dikrech/Veianen ënnert der Nummer +352 244 801000 oder per E-Mail u police.diekirchvianden@police.etat.lu.
Kuerz virun Hallefnuecht e Sonndeg den Owend gouf eng Persoun op engem Parking a Clausen vun enger Grupp jonke Männer beklaut. D'Affer krut eng Kette vum Hals gerappt. D'Täter goufe spéiderhin awer an der Uewerstad fonnt, eng Persoun gouf festgeholl, eng weider koum an d'Unisec op Dräibuer.