ZeienopruffFahrerflucht no Accident mat Foussgänger zu Ettelbréck

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg géint 14.20 Auer ass an der Rue de Chariots zu Ettelbréck eng Persoun um Zebrasträife ugestouss ginn. D'Automobilistin ass doropshi geflücht.

Déi schëlleg Automobilistin konnt awer kuerz drop ugetraff ginn. Den Alkoholtest war positiv an de Führerschäin gouf agezunn.

De Foussgänger gouf um Uewerschenkel vum Auto getraff a koum fir eng Kontroll an d'Spidol.

D'Police freet am Zesummenhang mat deem Accident no Zeien, déi dëse gesinn hunn. Besonnesch ass et do den Appell un en Automobilist, deen hannert dem schëllege Gefier gefuer war.

All d'Informatioune si fir de Policebüro Dikrech/Veianen, dat via Telefon um (+352) 244 80 1000 oder via Email op police.DIEKIRCHVIANDEN@police.etat.lu.

Back to Top
CIM LOGO