Police freet no ZeienFahrerflucht no Accident e Méindeg kuerz viru Mëtteg am Rond-point Raemerich

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police schreift, koum et e Méindeg géint 11.40 Auer zu engem Accident mat Fahrerflucht zu Esch am Rond-point Raemerich.

E rouden Auto huet do de Won vun enger Automobilistin iwwerholl a geschréipst, déi dee Moment op der baussenzeg Spuer gefuer ass. De onbekannte Chauffer ass an Direktioun Escher A4 Direktioun Lëtzebuerg weidergefuer.
Wien eppes gesinn huet, soll sech bei der Police vu Bieles um 244 52 1000 oder per E-Mail police.belvaux@police.etat.lu mellen.

Back to Top
CIM LOGO