
Um Verwaltungsgeriicht ass eng Affekotin mat hirer Klo géint d'Irrecevabilitéit vun engem Exame vun hir duerchkomm. De President vum Tribunal administratif huet nämlech decidéiert, dass d'Prüfung iwwert d'Culture juridique générale um Enn vun hirem Stage unzeerkenne wär.
D'Fra, déi zanter Dezember 2017 als Affekotin op der Lëscht II vum Stater Barreau ageschriwwen ass, hat am leschten Hierscht un den „Examens de fin de stage judiciaire“ deelgeholl. Am Abrëll hat si vun der Jury geschriwwe kritt, dass hir Sessioun net unerkannt gi wär, well den Examen an der Culture juridique générale irrecevabel wär.
Dat, well si hiren Numm do drop geschriwwen hätt, soudass hir Kopie z'identifizéiere gewiescht wär. Si hätt domat géint de Prinzip vum Anonymat verstouss. D'Kopie kéint dowéinst net ugeholl ginn a si keng Note dorop kréien. An der Woch drop hat d'Fra e Recours gracieux agereecht, deen awer Ufank Mee zréckgewise gouf, a genee virun engem Mount war si op d'Verwaltungsgeriicht gaangen.
De President vum Tribunal administratif hält a sengem Urteel virop fest, dass hien héchstens d'virsuerglech Unerkennung vun der Prüfung vun der Affekotin an der Culture juridique générale ordonéiere kéint. D'Fra kéint wuel duerch en Noexamen, dee si viru genee zwou Woche geschriwwen hat, op d'Lëscht I vum Ordre des avocats kommen. Se si misst sech dofir awer engem besonnesche Stress an engem, Zitat, „risque d’échec aggravé“ aussetzen. De Risk vun engem Schued bestéing, a vun engem Retard, deen am Verlaf vun hirer Karriär net opzehuelen wär.
Am Examensreglement vu Februar 2018 wär wuel den Anonymat virgesinn an dass eng Violatioun dovun d'Irrecevabilitéit vun der Kopie no sech zéie géif, et wär awer net evident, dass den zoustännege Comité de pilotage d'Kompetenzen hat, fir sou en Text erauszeginn a fir d'net-Respektéiere vum Prinzip vum Anonymat mat der Irrecevabilitéit vum Examen ze bestrofen. D'Argument, dass et keng Base reglementaire gouf, fir de Prinzip vum Anonymat festzeleeën, schéngt seriö, sou de Riichter. Eng administrativ Strof da misst vum Gesetz virgesi sinn. An engem Règlement grand-ducal vun 2009 wäre wuel Sanktiounen opgefouert: Déi géife sech awer op Bedruchsfäll, déi bei enger Wëssenskontroll festgehale ginn, ze limitéiere schéngen. D'Argument, dass et keng Basis gëtt fir d'Bestrofe vum net-Respekt vum Anonymat, wär och seriö. Deemno wär der Affekotin Recht ze ginn.