HéichwaasserEvakuatiounen uechter d’Land: wou kommen d’Leit ënner?

RTL Lëtzebuerg
Och zu Rouspert, Hesper a Beetebuerg hunn Touristen an Awunner missen evakuéiert ginn. Wou si si ënnerkomm?
Wou kommen d'Leit no den Evakuatiounen ënner
Op ville Plazen am Land kënnen d'Leit déi nächst Deeg net an hirem doheem verbréngen.

En Donneschdeg an de fréie Moiesstonne huet de Camping zu Rouspert misse geraumt ginn. 6 Persoune koumen zu Uesweller am Centre Culturel ënner Daach, do war eng Zort Noutstruktur opgeriicht ginn. Wou d’Leit raschten, sech wäschen an eppes iesse kënnen. Och an der Rousperter Sportshal goufe Leit opgeholl. Dës zwou Strukture wieren ausgewielt ginn, well se accessibel fir d’Leit aus der Gemeng wieren, erkläert de Romain Osweiler, Buergermeeschter vun der Gemeng Rouspert.

Historescht Héichwaasser och zu Hesper an Alzeng, wou d’Leit de Camping hu misse verloossen. Ugeschwemmt Material gouf aus der Uelzecht gefëscht. An der Uelzechtstrooss sinn d’Maria an hire Mann am spéide Donneschdeg de Moien evakuéiert ginn. 50cm héich géif d’Waasser an hirem Haus stoen, seet déi eeler Fra, déi elo mol bei hirer Duechter ënnerkënnt. Hir Miwwele géifen am Haus danzen, alles wier futti.

Weider Nopere goufe vun de Rettungsdéngschter mam Boot aus hiren Haiser bruecht. Deels onerwaart, war knapp nach Zäit, déi néidegst Saachen ze paken. Fir déi, déi net bei d’Famill goe kéinten, géif d’Gemeng en Hotel sichen, seet den Hesper Buergermeeschter Marc Lies. Déi puer disponibel Wunnengen an der Gemeng wieren net miwweléiert.

Och d’Gemeng Beetebuerg huet eng Dose Bierger fir déi nächst Deeg an engem Hotel ënnerbruecht. D’Waasserstrooss hat hirem Numm all Éier gemaach. D’Awunner waren an der Nuecht vum Héichwaasser iwwerrascht ginn.

Back to Top
CIM LOGO