
Alles dat si Froen, déi sech am Ausland gestallt ginn, am Kader vun der Corona-Pandemie an do mat Vue op d’Penurie vum medezinesche Personal an dem Material, dat een zur Verfügung huet. Dofir huet och den Ethikcomité hei am Land eng Rei Richtlinnen ausgeschafft, well och hei net ausgeschloss ass, datt een an esou eng Situatioun kënnt. Mat der Prise de position sollen d‘Ethikcomitéen an de Spideeler an d‘Personal an de medezineschen Infrastrukturen e Kader proposéiert kréien, et geet net drëms, hinne Virschrëften ze maachen.
An enger Prise de position gëtt den Ethikcomité de Concernéierten am Spidolswiese Richtlinne mat op de Wee, wat d’Priorisatioun vu Patienten ugeet. Do heescht et beispillsweis, datt all Mënsch d’Recht huet, gefleegt ze ginn. All Mënsch ass d’selwecht, dofir duerf hei keen Ënnerscheed opgrond vu verschiddene Charakteristike gemaach ginn, esou Julie-Suzanne Bausch, Presidentin vum Ethikcomité.
"Et ass egal, wien een ass, wéi al een ass, wou een hierkënnt, wat ee mécht, wat e Guddes oder Schlechtes gemaach huet, wéi ee Status ee sozial huet, ob ee schafft oder net, wou ee wunnt, dat alles ass net wichteg. De Mënsch ass dee Moment just Patient."
Wat berécksiichtegt misst ginn, wier den allgemenge Gesondheetszoustand vum Patient, den individuelle Prognostik. Wéi gesinn d’Iwwerliewenschancen aus a wéi d’Chancen, datt keng Sequelle bleiwen.
"Säi Wëllen, wann en en ausgedréckt huet, dat ass jo och net onwichteg an dëser Situatioun, well een do op ganz extrem Situatiounen histeiert. Huet dee Mënsch vleit säi Wëllen ausgedréckt, wat e wëll, wat en net wëll, wéi wäit en wëll behandelt ginn".
D’Patiente mussen och d’Soins palliatifs an Usproch huelen duerfen, wann de Moment komm ass. Wéi an der Prise de position präziséiert, duerfen d‘Niveaue vun den therapeutesche Soinen erofgesat ginn, wann d’Therapie net uschléit, wa schlëmm Komplikatiounen opdauchen oder "s’il y a un besoin aigu d’assistance respiratoire à autre personne en danger dont le pronostic de survie est évalué comme plus favorable". Ma esou Decisioune sollen net vun engem Soignant geholl ginn, mä am Grupp. D’Personal kann och op eng "Cellule de crise éthique“"vu baussen zeréckgräifen.
"Keng Theoretiker, dat misste Praktiker sinn, déi esou Leit kéinten hëllefen, well se wierklech déi Vue vu ganz baussen hätten. Quitt, datt se selwer zum Beispill Dokter sinn, mä jee nodeem, datt vläicht een Avis vun engem anere Spidol, de Leit an deem enge Spidol kéinten hëllefen. Well si déi gewëssen Distanz hunn, déi vläicht hëllefe kann, sech fir de Patient z’entscheeden an net fir de Patient B."
A sengem Dokument mécht den Ethikcomité och drop opmierksam, wéi wichteg et ass, datt d’Personal gesond bleift an, datt een op d’Solidaritéit vun all eenzele setze kann, fir d’Leit an de Spideeler z’ënnerstëtzen.
RTL NEWS: Ethikkommissioun: Covid-19 dierf net zu Diskriminatioun féieren