“Mech schockéiert ëmmer nees déi Banaliséierung vun der Gewalt, wat leider Alldag ass an eise Schoulen fir d’Schüler, fir d’Léierpersonal, fir d’SEPAS’en”. Dat seet den Minister fir Logement an Educatioun iwwer d’Gewalt am Lycée Ermesinde déi lescht Wochen. De Claude Meisch war de Mëtteg Invité an eiser Emissioun Background. Zwee Schüler waren zwou bis dräi Woche reegelméisseg no der Schoul um Wee op d'Gare vernannt an zerschloen ginn. Et ass sou weit gaangen, dass d’Police déi concernéiert Schüler all Dag op d’Gare eskortéiert huet. Fréier hätt et och alt mol eng Kläpperei am Schoulhaff ginn, mee haut géing dat einfach higeholl a souguer nach gefilmt ginn fir sech dann op de soziale Medien domat ze bretzen, kritiséiert de Claude Meisch. Genee dofir wier hien Demandeur dass sozial Medien bis e gewëssenen Alter verbuede solle ginn. De Minister huet betount, datt d’Gewalt an de Schoule qualitativ zougeholl hätt an datt och ëmmer méi jonk Kanner concernéiert wieren. Am Lycée hätt een Méiglechkeeten Sanktiounen ze huelen bis hin zum Renvoi, mee dat géif et am Fondamental net ginn. "An do gëtt et dann och iergendzwousch eng Kéier e Punkt, wou ee seet, deng Plaz ass elo op d'mannst temporär net méi hei an der Schoul. An dat ass eppes, wat mer amgaange sinn ze diskutéieren.”
E Samschdeg de Mëtteg war de Logementsminister Claude Meisch eisen Invité an der Emissioun Background am Gespréich um Radio.
Am Kontext vun der aktueller Tripartite huet de Minister sech optimistesch gewisen. Hie sot, Regierung, Patronat a Gewerkschafte wéilten erëm méi konstruktiv matenee schaffen. De Premier Luc Frieden hätt kloer gemaach, datt grouss Reformen nëmme mam Sozialdialog kéinte geléngen. "An dat ass wuertwiertlech och gesot ginn, vun den Acteuren, datt dat eng Chance ass, fir nees beieneen ze fannen, egal wat geschitt ass, egal wéi mer dat wëlle bewäerten, gesäit jiddereen eng Plus-value doranner am Sozialdialog"
Op d'Kritik vum Premier Luc Frieden ugeschwat, den laut Aussoen aus den eegenen Reien een "Duerstellungsproblem" hätt, huet de Claude Meisch éischter diplomatesch reagéiert. Wichteg wier net de Stil vun enger Persoun, mee datt een d’Leit mathëlt an nolauschtert an doriwwer nodenkt. "An ech stellen ëmmer nees fest, datt dat eppes ass, wat de Luc Frieden mécht".
De Claude Meisch huet och wësse gedoen, dass d'Regierung natierlech schonn Mesuren preparéiert hätt, se misst jo virbereet an dës Verhandlungen eragoen, alles anescht wier irresponsabel. Hien géing fest un e Succès gleewen, mee "dee geet awer net nëmmen andeems mer vun deem anere Beweegungsspillraum akloen, dee geet och, wa jidderee selwer sech beweegt an och an eenzele Positioune mol a Fro stellt."
E groussen Deel vum Interview goung ëm de Logement. De Minister huet unerkannt, datt ëmmer méi Leit Problemer hätten, sech eng Wunneng ze leeschten – och Leit mat engem reguläre Salaire, net just déi mam Mindestloun. De Minister bedauert, dass vill Betraffener net géife wëssen, datt si Recht op eng „Subvention Loyer“ hunn. D’Regierung wëll dofir Sozialhëllefen an Zukunft méi automatesch verdeelen, fir datt manner Leit duerch de Raster falen.
Besonnesch vulnerabel wieren elengerzéiend Elteren. Dofir wieren och Gesetzer um Instanzewee déi d’Monoparentalitéit consideréieren, sou dass si bei neie abordabele Wunnengen an Zukunft méi staark berécksiichtegt ginn.
De Claude Meisch huet och zouginn, datt et um private Wunnengsmaart Diskriminéierung géif ginn. Proprietäre géifen heiansdo Mënsche mat bestëmmter Hierkonft oder Hautfaarf refuséieren. Dat wier och een Thema am Plan national géint de Rassismus gewiescht. Hien huet dës Praktike bedauert an op Sensibiliséierungscampagnen an Ausbildung fir Immobilienagenten higewisen.
Fir de Bausecteur nees unzekuerbelen, wëll d’Regierung an Zukunft nach méi VEFA-Wunnengen (Vente en état futur d' achèvement) opkafen. Bis ewell huet de Staat 500 Milliounen op den Dësch geluecht fir ronn 830 Wunnengen. Elo soll nach eemol 300 Milliounen drop geluecht ginn. Dat hat den Luc Frieden am Etat de la Nation annoncéiert. Dat géifen nach eemol ronn 500 Wunnengen ausmaachen. Do wéilt een allerdéngs just nach eenzel Wunnengen oder Projeten kafen, déi wéinst feelende Keefer net virukommen. An d'Iddi wier, datt een d’Wunnengen dann net an d'Locatioun gëtt, mee dass een se mat engem Bail emphytéotique verkeeft an den Terrain beim Staat bleift. Ziel wier et, méi bezuelbare Wunnraum ze schafen an de Marché nees a Beweegung ze bréngen.
Wunnen misst nees méi erschwénglech ginn fir all d’Segmenter vun der Populatioun, fuerdert de Minister, den och zouginn huet, datt verschidde Leit nach skeptesch wieren, well si trotz abordabele Präisser net komplett Proprietär vum Terrain ginn. Hien huet awer betount, datt dëst just ee vun e puer Instrumenter wier, fir Wunnen accessibel ze maachen. No de Faillitte vu verschiddene Promoteuren an de leschte Jore wier vill Vertrauen verluer gaangen. Eng nei „garantie d’achèvement“ soll dofir garantéieren, datt Wunnengen och fäerdeg gebaut ginn, wann e Promoteur a finanziell Problemer geréit.
“Et ass net meng Aufgab fir de Banken d’Panz ze rappen”, mee de Claude Meisch huet déi restriktiver Kreditpolitik vu verschiddene Banken kritiséiert. Hien huet erkläert, datt ëmmer méi jonk Leit trotz stabillem Akommes kee Prêt méi kréien. Dëst géif net nëmmen de Wunnengsmaart bremsen, mee och d'Baubranche an domadder den Handwierkssecteur an dat géing vill Aarbechtsplazen a Gefor bréngen. Laut dem Minister misst de Staat dowéinst mat geziilte Mesuren agräifen, fir de Marché erëm an d’Gläichgewiicht ze bréngen, mee och d’Banke wieren gefuerdert an d’Promoteuren.”Ech mengen, datt op der Säit vun de Promoteuren en Effort nach muss gemaach ginn, fir aner Produiten, déi finanzéierbar sinn op de Marché ze bréngen.”
Och steierlech Usätz sollen hëllefen. “Mee fir mech ass wichteg, datt wa mer eng steierlech Hëllef ginn, datt déi Suen net däerfen an d' Täsche weider vum Promoteur fléissen an de Präis eropdrécken, mee datt den Acquereur, an am beschte Fall de Locataire herno och wierklech eppes dovunner huet.”
Och d’Gemengenautonomie war e Sujet am Background. Laut enger Etüd vum LISER vun 2022 ass d’Gemeng Lëtzebuerg nach ëmmer den zweetgréisste Besëtzer vu Bauland hei am Land. Dobäi léich den Undeel vun soziale Wunnengen bei 2 bis 3 Prozent. Bis ewell hätt een de Problem gehat, dass den Terrain an der Stad ze deier war fir mat deene Subventiounsmechanismen kënne kaaft ze ginn. ”An duerfir eeben déi geografesch Opdeelung vun de Plaffongen, déi mer och am Logement abordabel wäerten accordéieren. An do erhoffe mer eis natierlech och méi Initiativen nach an der Stad Lëtzebuerg, ronderëm d' Stad Lëtzebuerg.” De Minister hätt och mat der Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer doriwwer geschwat a si wier sech hirer Verantwortung bewosst.
Dobäi gouf d’Fro opgeworf, wéi wäit de Staat dierf oder soll agräifen, wann et ëm d’Schafe vu Wunnengen geet. De Claude Meisch huet drop higewisen, datt d’Gemengen eng wichteg Roll spillen, well si vill Bauland besëtzen an iwwer PAPen an d’Bebauung entscheeden. Gläichzäiteg misst de Staat awer dofir suergen, datt genuch Wunnraum entsteet, besonnesch an deene Regiounen, wou de Wunnengsdrock am gréissten ass.
Wéi soll ee mat eidelstoende Wunnengen ëmgoe? Zu Lëtzebuerg ginn nach ëmmer vill Appartementer oder Haiser net bewunnt ginn, obwuel de Besoin u Wunnraum immens héich ass. An deem Kontext gouf iwwer eng méi streng Besteierung vun eidelstoende Wunnengen diskutéiert. D’Iddi hannendrun ass, Proprietären dozou ze motivéieren, hir Wunnengen entweder ze verlounen oder ze verkafen, amplaz se eidel stoen ze loossen. De Claude Meisch huet betount, datt de Staat an d’Gemengen hei zesumme misste schaffen. Verschidde Gemengen hätten zwar schonn esou Taxen agefouert oder geplangt, mee d’Ëmsetzung wier dacks komplizéiert. Et misst nämlech kloer nogewise ginn, ob eng Wunneng wierklech eidel steet. Fir d’Regierung gehéiert dës Mesure zu engem méi grousse Pak, fir méi Wunnraum op de Marché ze bréngen an d'Spekulatioun ze limitéieren. Kritiker warnen awer, datt esou Taxen net duer géifen, wann net parallel och méi gebaut gëtt.
"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen " Background " wielen.