
Do goufen et Gespréicher mat der Naturverwaltung, Natur an Ëmwelt, Mouvement écologique a Jeeërfederatioun, dat an der Suite vun der Petitioun, déi e Klappjuegd-Verbuet gefuerdert hat.
Déi allermeescht Acteure ware sech eens, datt een déi sougenannt Beweegungsjuegd brauch, fir d'Bestänn ze reduzéieren, datt awer Adaptatioune kéinten envisagéiert ginn.
Wichteg wier et, datt déi Form vu Beweegeungsjuegd applizéiert gëtt, déi fir déi respektiv Terrainskonditiounen adequat ass an dat géing och haut scho gemaach ginn, esou d’Jeeërfederatioun.
Anescht gesinn et d'Piraten. Fir si ass dës Zort Juegd Déierequälerei, egal wéi ee se lo nennt. Leider wier d'Regierung net gewëllt, dorunner eppes ze änneren.