Ännerunge vum Deontologie-KodexEt waart een op d'Äntwert vum GRECO, sou d'Äntwert vum Xavier Bettel

RTL Lëtzebuerg
D'Karriär vun engem Ex-Minister am privat Secteur: ee Sujet, deen och den Ethikcomité an engem Avis un de Staatsminister am Abrëll evoquéiert hat.
No senger politescher Karriär, waarden elo e puer intressant Posten a Verwaltungsréit op den Etienne Schneider.
No senger politescher Karriär, waarden elo e puer intressant Posten a Verwaltungsréit op den Etienne Schneider.
© RTL-Archiv

Nodeem den Ex-Wirtschaftsminister de virleschte Weekend als Administrateur amplaz vum Jeannot Krecké an den ArcelorMittal-Verwaltungsrot gewielt gouf, wäert den Etienne Schneider den nächste Samschdeg wuel och als "onofhängegen Direkter" vun der russescher Holding Sistema genannt ginn - eng Firma, déi zu 51% dem Gazprom-Grupp gehéiert.

D'Karriär vun engem Ex-Minister am privat Secteur: ee Sujet, deen och den Ethikcomité an engem Avis un de Staatsminister am Abrëll evoquéiert hat.

Wéi dee Comité festgehalen hat, wieren eenzel Artikelen aus dem Code de Deontologie fir fréier Regierungsmemberen onméiglech ze kontrolléieren, fir potentiell Interessekonflikter z'evitéieren. Deemno sollt eng Karenzzäit vun z.B. 2 Joer agefouert ginn, déi kloer an novollzéibar wier, an déi dann och vun engem Ex-Minister kéint respektéiert ginn, ouni Interpretatiounsspillraim.

De Regierungsrot huet dann och, wéi et schéint, den Deontologie-Kodex an deem Sënn amendéiert, an d'Versioun vum neien Texte un de GRECO geschéckt.

Dat äntwert de Staatsminister Bettel op eng parlamentaresch Fro vum CSV-Deputéierten, a selwer Ex-Minister, Claude Wiseler.

Deemno géif de Grupp vun de Staate géint Korruptioun dësen Text analyséieren an am Hierscht dann e "rapport de conformité" virleeën. Op Basis vun deem, kéint de Code de Deontologie dann op Punkte geännert ginn.

Back to Top
CIM LOGO