Omega 90Et soll ee sech mam Doud a mam Stierwen auserneesetzen

Carine Lemmer
Wie mam Doud konfrontéiert ass, Hëllef brauch oder Informatioune sicht, ass bei Omega 90 richteg.
© Omega 90

„Mir versichen, iwwert den Doud an d'Stierwen esou mann wéi méiglech ze schwätzen, mä genee dat solle mer net maachen.“ Omega 90 mécht Trauerbegleedung a setzt sech fir Palliativfleeg an.

Trauer kënnt, et kann een net virun der Trauer fortlafen. Heiansdo dauert et 3 Méint, heiansdo och e Joer, sot en Donneschdeg de Moien d'Direktesch vun Omega 90, d'Nicole Weis-Liefgen.

D'Leit waren am Confinement oder déi lescht Méint méi retizent, sech Hëllef ze froen, haten Angscht ze kommen. Mir hunn och Trauerbegleedung iwwer Telefon oder Video gemaach, mä dat ass net dat selwecht, verschiddene Leit hätt et awer gehollef, ergänzt de Fabian Weiser aus der Direktioun.

PDF: Schreiwes Omega 90

Back to Top
CIM LOGO