
Representantë vum Groupe d’Experts du Conseil de l’Europe, kuerz Greta, waren do, fir d'Deputéiert zum Thema Mënschenhandel z'informéieren. Datt och Mannerjäreger an deem Milieu géinge schaffen, wier besonnesch schlëmm, esou de Charel Margue vun Déi Gréng, dee President vun der Kommissioun ass.
"D'Iwwerleeungen, déi eis d'Evaluateure gemaach hunn, sinn, datt ee misst am Fong iwwer d'sozial Schinn dorunner erukommen. Soulaang d'Kanner aus deene Famillen net an d'Schoul ginn, wäerte mer éiweg weider mat deem Problem beschäftegt sinn. Da kréien se keng Perspektiven. Mir kënnen eist Penal-Arsenal eropsetzen, mee dat gräift net. Well d'Mendicitéit ass jo keng grouss Kriminalitéit, mee e soziale Problem."
De Laurent Mosar, CSV-Deputéierten a Stater Schäffen, seet awer, dass och eis Juridictioune wéinst de Strofmoosse kritiséiert gi wieren.
"Si sinn der Meenung, datt generell, wat d'Traite des êtres humains ugeet, d'Strofen, déi vun eise Juridictioune prononcéiert ginn, net héich genuch sinn. An haaptsächlech net dissuasiv genuch sinn. Dat heescht, datt een awer villäicht och misst um Niveau vun der Repressioun nach eng Kéier en Zant bäileeën. Mee eleng mat Repressioun léise mer déi Problemer natierlech och net. Et muss och nach méi Wäert op Präventioun gesat ginn."
Virun allem misst och gekuckt ginn, déi mannerjäreg Kanner aus deem Milieu erauszekréien. An d’Sourcë vun dëser Kriminalitéit duerch international Kooperatioun treffen.