ChômageEt läit ee bal nees um Niveau wéi virun der Kris

RTL Lëtzebuerg
15.641 Leit waren am September bei der ADEM ageschriwwen.
© RTL Archiv

De Chômage geet liicht zeréck a läit bal um Niveau vu virun der Kris. Den Taux läit bei 5,5%.

15.641 Leit waren am September bei der ADEM ageschriwwen. Par Rapport zum September zejoert ass dat e Minus vun 12,8%.

Méi wéi d'Hallschent vun den Demandeurs d'emploi sinn allerdéngs am Laangzäitchômage.

4.479 Leit waren an enger Beschäftegungsmesure.

Am September goufe 4.299 fräi Poste bei der ADEM deklaréiert, 38% méi wéi am September zejoert.

Dee Secteur wou am meeschte gesicht gëtt ass dee vun der Comptabilitéit an Audit.

Hei d'Zuelen am PDF!

Back to Top
CIM LOGO