Pandemie-GesetzEt heescht sech nach gedëllegen

RTL Lëtzebuerg
Bis an d'Mëttesstonn war um Dënschdeg eng Bipartite tëscht der Regierung an den national representative Gewerkschaften OGBL, LCGB a CGFP.
Pandemie-Gesetz
Bis an d'Mëttesstonn war um Dënschdeg eng Bipartite tëscht der Regierung an den national representative Gewerkschaften OGBL, LCGB a CGFP.

U sech sollten d'Gewerkschaften en Dënschdeg de Moien um 11 Auer en éischte schrëftlechen Entworf vun der Regierung virgestallt kréien, zum ominéise Pandemie-Gesetz. Dee Pak also, dee reegelt, wéi et a puncto Corona-Mesurë virugeet, wann am Juni bis den Etat de Crise ausleeft.

Esou en Avant-Projet de Loi gouf et en Dënschdeg awer net. Et wier een nach net fäerdeg op Regierungssäit. De Premier Xavier Bettel wëll en Text kréien, deen op de breet-méiglechste Konsens fousst.

Pandemiegesetz Reaktiounen / Rep. Joël Detaille

Déi 3 Gewerkschaftspresidente Back, Dury a Wolff hu sech awer no der Reunioun, déi eng gutt Stonn gedauert huet, rassuréiert gesot. Sie hätten erkläert kritt, dass hir Ängschte vun engem Text, deen déi gewerkschaftlech Fräiheete géif agrenzen, net néideg wieren.

D'Pandemie-Gesetz géif natierlech weiderhin d'Distanzmesurë reegelen a soll och de wirtschaftlechen Aspekt mat abezéien. Dozou gëtt e Mëttwoch de Moien dem Chamberbüro an der Presidentekonferenz och schonns e weideren Ënnerstëtzungspak virgestallt.

En Text zum Pandemie-Gesetz sollen d'Gewerkschaften iwwerdeems d'nächst Woch kréien.

Zanter en Dënschdeg de Mëtteg 12.30 Auer informéieren de Premier an d'Santésministesch de Chamberbüro iwwert de momentane Verlaf vum Ausschaffen vum Pandemie-Gesetz.

Politesch Reaktiounen

Op Säite vun den Oppositiounsvertrieder ass déi grouss Skepsis dem Pandemie-Gesetz géintiwwer fir elo mol eriwwer, och wann et nach kee fäerdegen Text gëtt, an een dee natierlech nach wéilt analyséieren. Trotzdeem war d'Stëmmung besser wéi nach nom informelle Gespréich vu leschtem Donneschdeg, well d'Regierung d'Gewerkschaft-Uleiessen eescht geholl hätt, sot d'OGBL-Presidentin Nora Back.

Nora Back:"Eis basis-demokratesch Rechter, eis Versammlung- an Demonstratiounsrechter – do si mer op en oppent Ouer gestouss bei der Regierung, well mer gesot kruten, dass si dat scho separat wäerten traitéieren an de sanitäre Mesuren am Verglach zu Festivitéiten a grousse Fester. Dat heescht, dass et eis och an Zukunft soll méiglech sinn, eis ze versammelen an ze demonstréieren."

Eng Fuerderung, déi och den LCGB-President Patrick Dury d'lescht Woch nach ferme ënnerstrach hat.

Patrick Dury:"Ech muss soen dass eng reih vun eise Befuierchtungen wat eben d'demokratech Grondrechter, d'Versammlungsfräiheet, aus de Féiss konnte geraumt ginn, well mer d'gefill een Ament haten dass viséiert wier den Etat de crise via Gesetz fest ze schreiwen. Ech hunn dat Gefill awer no deem Gespréich vun haut net méi."

D'Roserei huet sech dofir och beim CGFP-President Romain Wolff geluecht. Well d'Regierung, wéi et schéngt, konnt berouegen.

Romain Wolff: "Ech mengen, dat geet awer lo wierklech vill méi an déi richteg Richtung. Wou mer virdrun gefaart hunn, dass Grondrechter a Gefor géife kommen, schéngt dat elo manner de Fall ze sinn."

Schéngt, well en Text gëtt et jo nach net. Dee sollen déi 3 Gewerkschaften d'nächst Woch kréien.
Vill Detailer kruten dann och d'Deputéiert aus dem Chamberbüro an der Presidentekonferenz am en Dënschdeg fréie Mëtteg net.

D'CSV-Fraktiounscheffin Martine Hansen sot sech awer frou doriwwer, dass ee Satisfaktioun kritt hätt an hire Bedenke Rechnung gedroe gi wier. Et wäert jo keen allgemengt Pandemie-Gesetz ginn, mä et wäert zwee Texter ginn: ee fir Privatpersounen an ee fir Betriber. Wou am Prinzip dat wat virgesi war, fir vun der Regierung via Reglementer laanscht d'Chamber ze decidéieren, dass dat konnt verhënnert ginn, an dass d'Chamber ka mat decidéieren, doriwwer wier een elo frou.

Martine Hansen: Eise Bedenken ass Rechnung gedroen ginn. Et wäert keen allgemengt Pandemie-Gesetz ginn. Mä et wäerten zwee Texter ginn: een fir Privatpersounen an ee fir Betriber. Wou am Prinzip dat wat virgesi war, fir via Reglementer laanscht d'Chamber ze decidéieren, dass dat konnt verhënnert ginn, an dass d'Chamber ka mat decidéieren.

Och de Marc Baum vun Déi Lénk war erliichtert: et war also eng Prozedur, wéi se u sech virgesinn ass.

Marc Baum:"Dat hei ass keen Ermächtegungsgesetz, wou d'Regierung géif habilitéiert gi via Reglementer, all Zorte vu Mesuren ze huelen. Dat hei ass e normaalt Gesetz, wat eigentlech den Normalzoustand beschreift, awer an dat Gesetz Restriktiounen dra schreift. An dat ass de richtegen a proppere Wee, wéi ee soll verfueren."

An där Meenung konnte sech och d'ADR an d'Piraten uschléissen. Sou dass, och wann nach keen Text virläit, een dervun aus ka goen, dass de breede Konsens, deen de Premier wëll hunn, herno kéint zustane kommen.

Och wann natierlech den Däiwel warscheinlech, wéi sou dacks, herno dann am Detail wäert leien, also am geschriwwene Projet.

Back to Top
CIM LOGO