Large Scale Testing 2.0Et gi just nach 8 Test-Zenteren uechter d'Land, plus eng mobil Ekipp

Lynn Cruchten
Pierre Jans
Déi zweet Phas vum sougenannte Large Scale Testing ass am Gaangen. D’Strategie vun de grouss ugeluechten Tester gouf liicht adaptéiert.
Large Scale Testing 2.0
Et gi just nach 8 Test-Zenteren uechter d'Land, plus eng mobil Ekipp.

Large Scale 2.0 / De Reportage vum Pierre Jans

Dat huet d’Gesondheetsministesch Paulette Lenert um Donneschdeg de Moie bei de Presentatioun vun der zweeter Phase erkläert. D’Test-Kapazitéiten an de just nach 8 Statiounen uechter d’Land solle ganz flexibel agesat ginn, mam Zil, permanent erauszefannen, wou de Virus an der Gesellschaft drun ass. Kontrolléieren, suivéieren an d’Infektiounen op engem niddregen Niveau halen. Dorëms geet et, huet d‘Paulette Lenert betount.

PDF: Presentatioun vum Large Scale Testing 2.0

Back to Top
CIM LOGO