
D'Fäll vun de Leit, déi zejoert net fir d'offiziell Zivil-Zeremonie fir Nationalfeierdag zougelooss goufen, suerge weider fir Nofroen an et gi stéckelchersweis och weider Explikatiounen. RTL hat jo mam Fallbeispill vum François Georges, deen e "casier néant" hat, op dës Refusen opmierksam gemaach.
Temoignage: Casier néant an awer eng Gefor fir d'Staatssécherheet, ee Concernéierte seet ausEffektiv ginn all d'Persounen engem Screening ënnerzunn, déi sech melle fir bei der Feier an der Philharmonie dobäi ze sinn. Dat confirméieren d'Ministeren Bettel, Bausch an Asselborn op eng entspriechend parlamentaresch Fro vun den CSV-Deputéierte Roth a Mosar.