
D'Piratepartei hat jo beim Minister fir Kommunikatioun a Medien nogefrot, wéi eng Datebanken, Fichieren a Karteien et beim Staat nach esou gëtt. Alles an allem gëtt et eng Hellewull vu Repertoire vu perséinlechen Donnéeën, ma eng komplett Lëscht dovu gëtt et awer wéi et schéngt net.
Effektiv gëtt just festgehale wéi vill Dossiere mat perséinlechen Donnéeën den Ament traitéiert ginn, dat heescht op déi aktuell zeréckgegraff gëtt. Aktuell wieren dat der 1.400, heescht et an der Äntwert vum Kommunikatiouns- a Medieminister Xavier Bettel. Dës 1.400 Zougrëff verdeelen sech op Datebanken aus deene verschiddenste Beräicher. Dat geet vum Ausseministère, deen Donnéeën zu Päss, Visaen oder Openthaltsgeneemegungen notzt, iwwert d'Steieramt bis hin bei d'Sécurité sociale, wou Fichiere mat den Affiliatiounen a Prestatioune vun den eenzele Versécherunge gefouert ginn. Derbäi kënnt d'Traitement vu Personaldonnéeë fir d'Aarbechtszäitgestioun oder de Suivi vu Congéen an Absencen.
De Minister verséchert iwwerdeems, dass nëmmen Donnéeë gespäichert a genotzt géife ginn, déi noutwendeg fir d'Fonctionnement vun de jeeweilege Verwaltunge wieren.
Fir d'Sécherheet vun dësen Datebanken ze garantéieren, ginn déi staatlech Administratioune vum Centre des technologies de l'informatioun de l'État, kuerz CTIE, ënnerstëtzt. De CTIE géif dofir Suergen, dass nëmmen déi Leit Accès op Donnéeë kréien, déi dës och fir hir Aarbecht brauchen, esou de Xavier Bettel weider. Ausserdeem géife reegelméisseg Auditte gemaach gi fir d'Datesécherheet op deem aktuellste Stand ze halen.
Ob een Accès op Donnéeën huet, déi iwwert ee gesammelt goufen, an ob een déi dierf verbessere respektiv läsche loossen, wier kloer am Dateschutzreglement virgesinn.
D'Ëmsetzung vun dëse Reegelen hätt scho laang virum a-Kraaft-triede vum Reglement ugefaangen a géifen och elo nach weider lafen, erkläert de Premier nach a senger Äntwert. Fir ze kucken, ob dës Reegelen dann och iwwerall agehale ginn, krut déi zoustänneg onofhängeg national Dateschutzkommissioun CNPD eng Rei zousätzlech Pouvoiren. Ausserdeem gouf hire Budget an d'Zuel vun hire Mataarbechter an d'Luucht gesat.