Ëffentlechen Debat an der ChamberEt geet ëm d'Reform vun der Educateursformatioun

RTL Lëtzebuerg
Um Dënschdeg de Moien ass eng weider ëffentlech Debatt an der Chamber iwwert eng Petitioun, déi rezent den néidege Quorum vun Ënnerschrëften beienee krut.

Et war déi mat der Nummer 1879, iwwert d'Reform vun der Educateursformatioun.

D’Petitionäre kënnen um Dënschdeg de Moien den Deputéierten duerleeën, firwat an hiren Aen déi Reform, déi virgesinn ass, net déi richteg ass. D’Formatioun soll jo u sech verkierzt ginn, wat eben hei net begréisst gëtt.

Back to Top
CIM LOGO