Et soll de Leit esou einfach wie méiglech gemaach ginn, fir sech impfen ze loossen, dofir ass ënnert anerem den Impfbus ënnerwee. En Donneschdeg war en an der Gemeng Suessem.
Fir den Expert an der Virologie wieren nëmme ganz wéineg Leit Impfgéigner, hei wier ee bei engem nidderegen eestellege Prozentsaz. Datt nach ëmmer ee Véierel vun den Erwuessenen hei am Land net geimpft ass, erkläert sech de Claude Muller ënnert anerem duerch eng falsch Kommunikatioun. Als Beispill nennt den Expert d’Zuelen, déi d'Santé am Wochebilan ugëtt vun de Geimpften a Net-Geimpften, déi an d’Spidol kommen.
Den Expert an der Virologie geet dovun aus, datt d'Infektiounszuelen an den nächste Woche klammen, relevant wier allerdéngs d’Zuel vun den Hospitalisatiounen.
D’Offer vum Impfbus kann een och ouni Rendezvous notzen. Zu Suessem goufen en Donneschdeg am ganzen 33 Persoune geimpft.