Dëst fir déi 3 éischt Wochen am August dëst Joer. Well ee sech awer net iwwert déi genee Modalitéiten eens gouf, bleiwen déi üblech Konditioune bestoen an domat bleift et also och beim Congé collectif, wéi mer e bis elo kannt hunn.
No den Ëmsazverloschter duerch d'Corona-Kris, déi d'Vertrieder aus dem Secteur op 60% chiffréieren, hätten d'Baufirmen am léifsten op d'mannst zum Deel de Summer duerchgeschafft, fir e Maximum vun der Zäit eranzehuelen, déi am Lockdown verluer gaangen ass. Duerfir hat d'Patronat de Gewerkschafte proposéiert, fir de Kollektivcongé vun dësem Joer an dat nächst ze verréckelen. Dat gouf awer direkt vun de Gewerkschafte verworf. Grad wéi eng Reduktioun vum Congé ëm eng Woch.
Wéi den LCGB erënnert, hätt een och an der Vergaangenheet Jore gehat, an deene wiederbedéngt bis zu 4 Wochen net hätt kënne geschafft ginn, ouni datt dowéinst de Congé collectif verréckelt gi wier. Vill Mataarbechter géifen och elo schonn Iwwerstonne maachen, fir déi verlueren Zäit eranzehuelen.
"D'Gewerkschaften hunn insistéiert, dass d'Leit, déi um Bau schaffen, vum 15. Juli un 3 Wochen hannerenee Congé hunn an domadder kënne mir net averstane sinn.", esou erkläert de Vertrieder vum Patronat, de Roland Kuhn, den Echec vun de Verhandlungen a Saache Congé Collectif.
Et hätt ee 4 Propose gemaach: déi éischt, fir de congé collectif dëst Joer ausfalen ze loossen, war direkt vum Dësch, sou de President vun der Federatioun vun den Entreprises de Construction et de Génie Civil an och d'Alternativ, fir 2 Wochen hannerenee fräi am Summer an déi 3. Woch kéint da bis Enn Mäerz erageholl ginn, hätt de Gewerkschaftsvertrieder net gefall. E Refus, deen de Roland Kuhn net ka verstoen an deen der ganzer Ekonomie géif schueden.
D’Leit, déi um Bau schaffen, hunn eng ganz haart Zäit hannert sech a si brauche Congé, fënnt d'Nora Back. D’Presidentin vum OGBL erkläert, dass si zeg Propose gemaach hätten, déi d’Patronat all verworf hätt.
Et léich also sécher net un de Gewerkschaften, dass d’Verhandlungen en Echec waren. Et wier eleng schonn eng Frechheet ze soen, dës Leit hätte kee Recht op hire Congé.