
Bal 6 Méint, nodeems d'Urteel géint de Mann sollt gesprach ginn, wouzou et awer net koum, gouf sech en Donneschdeg de Mëtten um Stater Geriicht nach emol mat engem Ex-Prof beschäftegt, dee sech wéinst „Attentat aux moeurs en relation avec un mineur“ ze veräntweren hat. Am Januar war decidéiert ginn, nach e Psychiater ze héieren; dozou koum et dunn en Donneschdeg.
Dem fréieren Attaché à la direction vum Bouneweger Lycée technique war ënnert anerem de Viol vun engem Mannerjärege virgehäit ginn. D'Affer waren zum Zäitpunkt vun de Faiten tëscht 15 a 17 Joer al; zu de Faite koum et vun Oktober 2011 bis Oktober 2012 a vun Oktober 2014 bis September 2016.
10 Joer Prisong hat de Vertrieder vum Parquet am Dezember fir de suspendéierten Enseignant gefrot: Dobäi blouf et och gëschter! Dem Parquetier no wär d'Attitüd vum Mann ervirzehiewen, deen entweder vun enger Krankheet schwätze géif oder dovun, dass et net seng Responsabilitéit gewiescht wär. Hien hätt d'Gravitéit vun de Faiten nach ëmmer net verstanen, wär just zu Lëpsebekenntnisser bereet an hätt bewosst gehandelt, ouni Pulsioun. De Mann géif mat alle Mëttele versichen, fir der Strof z'entgoen, a kee Bereie weisen. Doropshi sot de Beschëllegten, hie géif sech net hanner enger Sexsucht verstoppen; et géif awer Unzeechen dofir ginn, dass säi Liewe beaflosst gi wär.
Do virdrun hat en Expert seng Konklusiounen aus dem Prozess widderholl, dass keng psychiatresch Krankheet virléich an dofir keng Behandlung méiglech wär. D'Sexsucht, ënnert där de Beschëllegte leide soll, géif net existéieren, wat dem Ex-Prof säin Affekot kontestéiert huet. Den Neurolog a Psychiater, deen am Januar an d'Spill koum an dem Ugeklote säin Dokter ass, huet iwwerdeems gemengt, dass de Mann séier wuel süchteg wär. „Hie kann eng Pulsioun hunn, ma hien huet déi net kanaliséiert! Hien huet eng bewosst Decisioun geholl, déi duerch näischt beaflosst war! Hie verstoppt sech hanner enger angeblecher Krankheet!“, huet de Vertrieder vum Parquet dozou bemierkt.
Ier d'Presidentin vum Geriicht den neie Psychiater mat der Fro konfrontéiert huet: „Wësst Der iwwerhaapt, wat him virgehäit gëtt?“ Wouropshin de Medezinner relativ sommaire Faiten opgezielt huet. Zum Enn zou hat de Me Lanoue, Affekot vum Ugekloten, nach betount, dass deen net no Entschëllegunge sichen, mä d'Faite bedauere géif.
D'Urteel gëtt den 30. Juli gesprach.