Lëtzebuerger BourseEt ass ee ganz zefridde mam Resultat vum leschte Joer

Tim Morizet
Op der Lëtzebuerger Bourse hu sech déi Responsabel en Donneschdeg ganz zefridde gewise mam Resultat, dat d'lescht Joer konnt realiséiert ginn.
© AFP (Archiv)

Et hätt ee positiv Entwécklungen esouwuel an der Digitalisatioun, ewéi och bei de gréngen Obligatiounen.

Lëtzebuerger Bourse/Reportage Tim Morizet

Ee groussen Deel vum Bilan huet sech nämlech op déi gréng Obligatioune fokusséiert. E Marché, wou China bis ewell eng wichteg Positioun ageholl huet, ma deen elo och an anere Géigenden ewéi Südamerika an Indien op Interessi stéisst.

"Weltwäit gesinn, sinn d'Zuelen, déi mer 2020 vun den Emissioune vun dësen Obligatiounen hunn, an engem neie Rekord geklommen. Dat sinn fir 2019 257,5 Milliarden US Dollar u gréngen Obligatiounen. Dat ass eng Hausse vun 51% am Verglach mam Joer virdrun.", esou d'Julie Becker, Deputy CEO bei Luxembourg Stock Exchange.

An den éischte Méint vun dësem Joer hätt een awer gemierkt, datt déi nohalteg Obligatioune liicht u Popularitéit verluer hätten. Tendenzen um Marché géife sech änneren. Et géif méi a laangfristeg a sozial Obligatiounen investéiert ginn. Dëst soll engem neie Rekordhéich dëst Joer vu geschaten 350 Milliarden Euro awer net am Wee stoen.

Déi positiv Entwécklung bei der Bourse ass awer och op de Fundsquare zeréckzeféieren, esou de Robert Scharfe, Generaldirekter vun der Bourse: "D'Entitéit, déi 2013 erschaf gouf, ass spezialiséiert an der Kollekte an Dissimilatioun vun Informatiounen am Domän vum Fond d'Investissement. E Secteur, dee ganz wichteg ass fir d'Finanzplaz. Fundsquare contribuéiert mëttlerweil iwwert en Drëttel vum Chiffre d'Affaires vum Grupp Bourse."

Och weider Developpementer an Digitalisatioun hätte fir weider Stabilitéit bei der Bourse gesuergt, besonnesch wärend der Corona-Kris. Well e Groussdeel vun den Informatioune bis ewell op e Cloud-Service migréiert goufen, kéint een och wärend der Kris weiderschaffen.

Op der Lëtzebuerger Bourse kotéieren den Ament 3.000 Emetteure fir am Ganze 6.000 Milliarden Euro. Am Ganzen zielt ee 36.000 Valeuren, gutt 10.000 koumen d'lescht Joer dobäi. Et hätt een en Netto-Benefice vun 13,5 Milliounen Euro konnte maachen.

Back to Top
CIM LOGO