Fra geschloen a menacéiertEt ass bei enger Suspension du prononcé fir e Mann bliwwen
RTL Lëtzebuerg
Fir e Mann, dee seng Fra tëscht Dezember 2018 a Juni 2019 zu Diddeleng soll geschloen hunn, koum et um Stater Geriicht zu enger Suspension du prononcé.
Et gouf wuel festgehalen, dass Feeler geschitt sinn, dofir awer keng Strof gesprach. D'Affer war ee Moment bei d'Police gaangen an de Mann 3 Deeg an Untersuchungshaft komm. Am Prozess hat d'Fra awer zréckgeruddert a gesot, si wären nees zesummen.