Esou lues sinn d'Sécherheetsmesuren awer en place, fir d'Kanner vun e Méinden un ze empfänken.
Fir dass d’Kanner op hirem éischten – an dach aussergewéinleche Schouldag – déi richteg Entrée an de Wee an hir Klasse fannen, gouf an dëser Quartiers-Schoul zum Beispill e System mat Faarwen ausgeschafft. Déi néideg Informatioune kréien d’Elteren heemgeschéckt. De Raoul Mayer, President Schoulcomité: "D’Nimm vun de Kanner, déi am Grupp sinn, well d’Kanner jo och frou sinn, fir hir Frënn erëmzegesinn an dann ass do och d’Faarf vun der Klass an d’Entrée, déi si huele mussen."
Fir d’Rentrée goufen eng 100 Persounen zousätzlech vun der Stad Lëtzebuerg rekrutéiert, an deene meeschte Fäll aus dem Conservatoire oder dem Service des Sports.
Et wier vill Flexibilitéit néideg, eng Partie Saache sinn elo anescht. Fir d’Hygiènesmesuren ëmzesetzen, sollen d’Dieren am Gebai opbleiwen. An och reegelméisseg d’Hänn wäschen ass wichteg.
"D’Kanner sollen hir Hänn ëmmer an der Klass wäschen, wa si vun der Toilette zeréckkommen, well soss wësse mir jo net, ob si et wierklech gemaach hunn. An hei ass da Seef a Pabeier, fir sech d’Hänn ofzedréchnen."
Fir dass sech d’Gruppen net ze vill vermëschen, ginn d’Kanner no de Coursen an deem Klassesall betreit, an deem si och Schoul hunn. Hei gëtt dann och zu Mëtteg giess.
D'Lydie Polfer, Buergermeeschtesch Stad Lëtzebuerg: "An der éischter Woch gëtt et kaalt Iessen aus der Fruppstut. Mee duerno probéiere mir och, waarmt Iessen ze kréien. D’Stad Lëtzebuerg huet eng 5.000 Schüler, do muss vill organiséiert ginn an d’Klasse si jo lo och anescht opgespléckt. An et gi Kanner mat Allergien, dat ass eng grouss Erausfuerderung allgemeng."
Eng weider Erausfuerderung ass, ob sech d’Kanner och un d’Distanzen halen.
De Raoul Mayer, President Schoulcomité: "Fir d’Enseignanten ze protegéieren, hu mir Bänke ronderëm d’Pult gestallt, esou kënnen d’Kanner méi einfach den Ofstand halen an dann ass hei och e Panneau."
D’Mesurë sinn also net nëmmen un d’Méiglechkeete vum Schoulgebai, mee virun allem un d’Kanner adaptéiert ginn.
