Maximal 150 LeitEsch hëlt Flüchtlingen an neiem Heem vu Mëtt August un op

RTL Lëtzebuerg
Dat neit Flüchtlingsheem zu Esch op der Kräizung vun de Stroossen Neiduerf an Buerggronn ass fäerdeg.

Domat hëlt d'Stad Esch vum nächste Mount un Flüchtlingen op. Den neie Foyer riicht sech haaptsächlech u Famillje mat Kanner an ass fir maximal 150 Persounen ausgeluecht.

E Samschdeg de Moie konnt sech jiddereen, dee wollt, tëscht 9 an 12 Auer e Bild vun der neier Struktur maache goen a seng Froe lass ginn.

Neit Flüchtlingsheem zu Esch
Vu Mëtt August u sollen d'Bewunner hei erakommen. Dëse Weekend konnt d'Populatioun sech e Bild vum neien Heem an Esch maachen.

Den Interessi vun der Populatioun war grouss. Eng Tour no der anerer goung um Samschdeg tëscht 9 an 12 Auer duerch d'Gebai. Vill Leit ware komm a si haten och vill Froen.

Déi éischt Refugiéen awer sollen eréischt Mëtt August eraplënneren. Plaz ass fir 150 Persounen. D'Kapassitéit soll awer net voll ausgelaascht ginn. 80% vun der Struktur soll gefëllt ginn. Eng Garantie, datt Famille kënnen zesummebleiwen.

D'Reaktioun bei de Visiteuren war awer eng positiv. D'Refugiéë ginn ab Mëtt August an engem zweestäckegt Gebai ënnerbruecht. Hei ginn et 75 Duebelzëmmer fir ze schlofen. Sëlleche Wunnraim, 2 Kichen op all Stack, ewéi och en Spillzëmmer fir d'Kanner an aner Aktivitéiten.

Geréiert gëtt de Foyer vun der Caritas. Ma och fir d'Gemeng Esch gëtt et e groussen Defi. D'Leit, déi heihi kommen, kennen weder Esch nach d'Land a solle mat esou enger Struktur hei flott a séier integréiert ginn, seet den Escher Buergermeeschter Georges Mischo.

Nieft kulturellen an sportlechen Aktivitéite ronderëm Esch soll och d'Kreativitéit um Site selwer gefërdert ginn. Eng al Mauer, direkt an der Entrée vum Site, soll neit Liewe kréien. Am Kader vum Projet "Urban Art" soll déi Mauer zesumme mat de Bewunner bemoolt ginn.

De Site zu Esch ass Deel vun der leschter Phase, der Phase 3 an der Integratioun vun den Flüchtlingen. Et ass hei wou d'Refugiéen op hire Statut waarden. Vum Ukommen zu Lëtzebuerg bis zum Statut dauert et „en General“ 6-9 Méint, wann en accordéiert gëtt.

Back to Top
CIM LOGO