Reaktiounen op Regierungsrot-AnnoncenErliichterung iwwer manner streng Restriktiounen

RTL Lëtzebuerg
D'Annoncen, déi d'Regierung e Mëttwoch gemaach huet, ginn an déi richteg Richtung. Esou heescht et vun der gréisster Oppositiounspartei der CSV.
Erliichterung iwwer manner streng Restriktiounen
D'Annoncen, déi d'Regierung e Mëttwoch gemaach huet, ginn an déi richteg Richtung.

Reaktiounen op nei Covid-Mesuren / Reportage Dany Rasqué

Zefridde Gesiichter gëtt et bei der Horesca an am Evenementiel ass d'Freed besonnesch grouss.

"No ganz laange Méint gesi mer op eemol vill Liicht um Enn vum Tunnel", seet de Charel Schroeder vun der Luxembourg Event Association. Och wann nach vill ze kläre bleift, wier d'Hoffnung op Normalitéit grouss. An och wann de Wee zeréck eng Erausfuerderung gëtt.

"Mir musse Leit aus dem Chômage eraushuelen, déi ganz laang net méi op hirer Aarbechtsplaz waren. Datt si erëm an hiren normalen Aarbechtsrhythmus kommen, gëtt en Challenge, mä dat ass deen Challenge, dee mer gär hätten. Et kënnt erëm Freed an d'Gesellschaft a mir hu jo och ëmmer gesot, datt Veranstaltungen net einfach verschwannen. Sécherlech ginn et Erausfuerderungen a sécherlech ginn et och nach vill oppe Froen. "

Dat ass bei der Horesca net anescht. Do huet den Telefon och scho méi wéi eemol gerabbelt. D'Annoncen, déi d'Regierung gemaach huet, begréisst de François Koepp, de Generalsekretär vun der Horesca.

"Mir hate jo eng ganz Partie Revendicatiounen, engem groussen Deel dovunner ass Rechnung gedroe ginn a mir si ganz frou doriwwer. Effektiv d'Mëttesgeschäft, dat huet e bëssen ënnert deenen Tester gelidden. Bei 4 Leit um Dësch brauch ee jo da keen Test méi ze maachen an dat ass am Fong e Schrëtt an déi richteg Richtung."

An déi richteg Richtung ginn d'Annoncen och fir den CSV-President Claude Wiseler, dee jo de gesondheetspolitesche Spriecher vun deene Chrëschtlech-Sozialen ass. Hie bleift awer nach bësse virsiichteg:

"Ech reservéieren eng definitiv Ausso, bis mer de Gesetztext gesinn, well den Däiwel läit wéi ëmmer am Detail. Mir géinge gäre kucken, wéi dat wat annoncéiert ass, wat eis positiv schéngt, wéi dat sech um Pabeier ausdréckt."

De Claude Wiseler begréisst besonnesch, datt d'Ausgangsspär ewechfält an datt een duerch de grénge Zertifikat erëm méi Fräiheete kritt. Hie weist drop hin, datt d'CSV dat scho laang gefuerdert huet a fënnt, datt een dat och scho beim leschte Gesetz hätt kënnen, sollen a misste maachen.

Nei Perspektive fir d’Horeca-Betriber

Zanter Méint sinn d’Diskoen zou. Datt a gutt 10 Deeg nees dierf gefeiert ginn, hat den Edvin Huremovic sech net erwaart. De Gerant vun engem Club zu Hollerech ass frou iwwer d’Méiglechkeet vum 13. Juni u bis zu 300 Cliente beieneen ze empfänken. D’Konditioun ass jo, datt d’Leit kënnen e Covid-Check virweisen oder e Selbst-Test op der Plaz maachen.

D'Annonce hätt sech wéi Chrëschtdag ugefillt, seet de Patron Franco Presti. Besonnesch no de 15 finanziell schwéiere Méint. Mat 300 Gäscht wier een zwar nach laang net op de 700-800 wéi fréier, mee et wier en Ufank. D’Hoffnung ass do, datt no an no weider Lockerungen a Richtung Normalitéit kommen. D’Freed ass grouss, och nees de Kontakt mat de Clienten ze kréien.

Och d’Kim Mathekowitsch ass frou iwwer déi nei Lackerungen. An hirem Restaurant wäert warscheinlech mëttes mat 4 Persounen Dëscher ouni Schnelltest geschafft ginn, Owes da mat Covid-Check, dofir ouni sanitär Restriktiounen. Da kënnen och méi Leit un engem Dësch sëtzen. Esou hofft d’Geschäftsfra, nees méi Clienten ze kréien. Déi aktuell Méiglechkeet, fir mat negativem Selbst-Test banne kënnen ze iessen, hätt nämlech net vill Gäscht ugezunn.

Bannent kuerzer Zäit Personal zesummentrommelen, d’Gedrénk-Stocken opfrëschen, de Betrib nees un d’Lafe bréngen: Eng Erausfuerderung fir d’Diskoen a Clubben, déi den 13. Juni nees wëllen opmaachen. Ass de Covid-Check bis dohin iwwerhaapt operationell? A bis wéi vill Auer dierfen d’Clubben an Diskoen ophunn. Dat sinn och nach eng Rei Froen, déi am Raum stinn. Grad esou, wéi et mat de finanziellen Hëllefen weidergeet. Dës solle jo viraussiichtlech Enn Oktober auslafen. D'Horesca fuerdert eng Verlängerung bis Enn des Joers. Esouguer doriwwer eraus, sollt d’EU Kommissioun dat erlaben.

De Chômage partiel iwwerdeems wäert schonn fir de Mount Juli oflafen. Déi nächst Woch wëll d’Federatioun vun den Hotelieren, Restaurateuren a Cafetieren de Plan de Maintien dans l’emploi presentéieren.

Pressekonferenz Bettel/Lenert: Nei Ouverturen annoncéiert: 10 ass déi nei 4
RTL-News: Commentaire vum François Aulner: Net nëmme Luucht um Enn vum Tunnel

Back to Top
CIM LOGO