18 nei PetitiounenËnnert anerem geet et ëm d'Ausgangsspär an den Horeca-Secteur

RTL Lëtzebuerg
18 nei Petitioune goufen en Dënschdeg an der zoustänneger Chamberkommissioun ugeholl.

Eng ganz Rei concernéieren d’Corona-Mesuren. D’Ophiewe vun der Ausgangspär gëtt verlaangt. Den Horeca-Secteur soll deelweis opgoen. Dee Secteur soll keng sozial Cotisatioune misse bezuelen. Et gëtt proposéiert, datt eng Lëscht agefouert gëtt, fir sech fir d’Covid-Impfung anzeschreiwen. Da bräichten net Leit ugeschriwwe ginn, déi sech net wëllen impfe loossen. No der Pandemie soll et 3 Feierdeeg an der ganzer EU ginn. An d’Fitnesszentere sollen opgoe mat Maskeflicht a wie sech net dorunner hält, riskéiert, ausgeschloss ze ginn.

Ee Petitionär setzt sech derfir an, datt de Papp e Papp ass an net en "autre parent de naissance". Och eng Koppel, déi net bestuet ass, soll dierfen e Kand adoptéieren. Op ëffentleche Plazen an op de Büroe soll et gläich vill Männer- a Fraen-Toilettë ginn.

Et soll een dierfen eng net-déidlech Waff, wéi zum Beispill eng Elektroschockpistoul bei sech hunn, fir sech ze verdeedegen. D’Autosluuchte soll een och am Dag mussen unhunn, egal wéi d’Wieder ass.

An all Proprietär vun engem Terrain soll obligéiert ginn, op d’mannst ee Bam ze planze fir d’Biodiversitéit a fir Villercher.

Wéi ëmmer gëllt, wa méi wéi 4.500 Ënnerschrëfte bannent 6 Wochen zesummekommen, gëtt ëffentlech an der Chamber iwwert dat Thema debattéiert. Aktuell huet eng Petitioun gutt Chancen, déi néideg Ënnerstëtzung ze kréien. Do gëtt verlaangt, datt de BTS-Diplom (Bac+2) am staatleche Salairessystem unerkannt gëtt. 80% vun den Ënnerschrëfte si schonns zesummekomm an 30 Deeg bleiwen nach, fir z’ënnerschreiwen.

Et gëtt jo och en neien Internetsite vun der Chamber fir d’Petitiounen: petitiounen.lu.

Back to Top
CIM LOGO