
Donieft huet de Petitionär gefuerdert, dass aus Respekt virun den Affer, dëst Joer kee Freedefeier soll ofgeschoss ginn.
Eng Rei Deputéiert hunn och rappelléiert, dass et eng Autorisatioun vun der Gemeng brauch, fir dierfen Freedefeier ofzeschéissen an dass och Silvester de Couvre-Feu vun Owes 11 bis Moies 6 Auer gëllt.
Debat iwwer d‘Petitioun Gedenkminutt amplaz Freedefeier ass en Dënsdesch um 9.30 Auer.
6 nei Petitioune kënne dann um Site vun der Chamber ënnerschriwwe ginn. Ënnert anerem gëtt gefuerdert fir d'Zuel vun de Leit, déi ee bei sech doheem dierf empfänke fir den 24. an 25. Dezember z'erhéijen oder fir de Couvre-Feu exzeptionell ze verlängeren op Hellegowend an op Silvester.
Eng Petitioun fuerdert donieft, fir en nationale Feierdag fir d'Enn vun der Pandemie mat kulturelle Fester ze feieren.
An eng aner Petitioun freet, dass d'Police méi dacks misst Vitess- an Alkoholskontrolle maachen, anerersäits awer déi fix Radaren ewechhuelen.
D'Lëscht vun de Petitioune fannt dir geschwënn online op chd.lu