"Global Parents"Eng Woch Malawi mat der Unicef

RTL Lëtzebuerg
Malawi, och dat "waarmt Häerz vun Afrika" genannt, ass eent vun den äermste Länner op der Welt.
Eng Woch Malawi mat der Unicef
Malawi, och dat "waarmt Häerz vun Afrika" genannt, ass eent vun den äermste Länner op der Welt.

2/3 vun de ronn 18 Milliounen Awunner liewen ënnert der Aarmutsgrenz, HIV an Ënnerernierung bleiwe grouss Problemer géint déi d’Unicef zanter 1964 kämpft. Virun allem Kanner, déi méi wéi d’Halschent vun der Populatioun ausmaachen, stinn am Fokus vun hire Projeten. An déi konnte sech zwee Lëtzebuerger Donateuren mat eegenen Aen ukucke goen.

D’Julie an de Vic si "Global Parents" bei der Unicef, also Donateuren, déi all Mount spenden. Allebéid schaffen am Enseignement, d’Thema Kanner läit hinne besonnesch um Häerz. Mat der Unicef si si an de Malawi gereest, fir ze kucken, wou a wéi hir Suen agesat ginn.

Hir éischt Statioun ass ee sougenannten "Community Based Childcare Centre" zu Dedza. Et ass eng Zort Spillschoul, wou sech 12 Betreier – dovunner just zwee ausgebilt – ëm 297 Kanner këmmeren. Hei solle se scho vu Klengem u gefërdert a stimuléiert ginn, fir sech esou sozial, kognitiv an intellektuell weider ze entwéckelen, erkläert de Mathews Samalan. Hie schafft zanter 4 Joer als Betreier am "CBCC". Zesumme mat puer anere Jonken, déi eng Schoul besicht hunn, ass hie gefrot ginn, dës Aufgab ze iwwerhuelen. Vue dass hie wéisst, wéi schwéier d’Kanner et hätten, wa se net am CBCC waren, huet hien zougesot. "Ech wëll hinnen den Iwwergang an d’Primärschoul méi einfach maachen", erzielt hien.

Aus 12 verschiddenen Dierfer kommen d’Kanner heihin, dorënner och de 5 Joer jonke Pinfall. Zanter 3 Joer besicht hien den CBCC a wunnt mat senger Mamm a senger klenger Schwëster direkt nieft dem Zenter. Seng Mamm, d’Edna Yohane, hat selwer net d’Chance, an eng Schoul kënnen ze goen. Wa si géing gesinn, mat wéi enger Freed hir Kanner dohinner ginn, wier si scho bal jalous, erzielt si am Interview: "Meng Kanner bréngen mir Saache bäi déi ech selwer net net wousst."

Déi éischt 5 Joer vun engem Kand sinn déi wichtegst fir ee gudde Start an d’Liewen. Fir dass d’Kand sech gutt entwéckelt, ass nieft enger fréier Educatioun awer och déi richteg Alimentatioun wichteg. Dass grad dat e grousse Problem am Malawi ass, gesinn d’Julie an de Vic op der nächster Statioun vun hirer Visitt.

Zu Mitundu am Gesondheetszentrum hëlleft d’Unicef mat Medikamenter, techneschem Ekippement a mat Ausbildunge vum Personal. Hei gi Kanner behandelt, déi ënner Ënnerernierung leiden. 4% vun de Kanner ënner 5 Joer si betraff, sou wéi dat klengt Mervis. Hatt huet eréischt 3 an en halleft Joer, ass HIV-positiv an zanter 11 Deeg op der Statioun. Seng Mamm huet mat him 30 Kilometer zu Fouss zréckgeluecht, fir hatt an d’Klinik ze bréngen. Doheem kritt si d’Kanner net anstänneg erniert, well keen Iesse méi do ass, erkläert si. "Ech sinn eleng mat de 4 Kanner, mäi Mann ass gestuerwen. Dat heescht ech ginn op d’Feld, muss awer och no Dagesjobs kucken, fir meng Famill ze versuergen, Iesse fannen an d’Kanner fidderen", erzielt d’Mamm mat Tréinen an den Aen.

En Temoignage a Biller, déi de Vic an d’Julie mathuelen. "Et ass mer schwéier gefall, dat mat unzekucken, anerersäits ass et gutt, dass d’Leit hei gehollef kréien", fënnt d’Julie.

Op der Statioun halen d’Dokteren d’Gewiicht vun de Kanner am Aen a kucken, ob den Traitement uschléit oder net. Iwwerdeems gëtt iwwerpréift, wéi d’Elteren hir Kanner doheem fidderen, fir erauszefannen, wat zur Ënnerernierung féiert. De Problem géing virun allem an den Dierfer optrieden, erkläert d’Infirmière Tikhala Chunga, do wou d’Leit näischt z’iessen hätten. Déi meescht géinge just eemol den Dag iessen. "D’Admissiounen op der Statioun hänke vun der Saison of", seet d’Tikhala Chunga. Am Summer, no der Recolte, hätten d’Leit nach genuch z’iessen. Vun November bis Januar géing dat awer anescht ausgesinn.

Fir dem Problem vun der Ënnerernierung en Enn ze setzen, si sougenannt "Care Groups" agefouert ginn, wéi am Duerf Mzuluwanda. Dat si Gruppen, wou d’Membere virun allem Elteren iwwert eng equilibréiert Ernierung opklären a Kachcoursë ginn. D’Cathrin Alick ass zanter dësem Joer dobäi. Hatt hätt de Besoin an de positiven Impakt gesinn, deen dës Gruppen op d’Communautéit hunn. Ma et wier heiansdo schwiereg, d’Leit z’iwwerzeegen. "Ech bréngen de Leit sechs Liewensmëttelgruppe bäi, vun deene si sech de Gros awer net leeschte kënnen", erkläert d’Cathrin de Problem. Dofir géing hatt versichen, de Leit lokal verfügbar Materialer a Liewensmëttel méi no ze bréngen, fir dass se hire Kanner trotzdeem e räichhaltege Kascht kéinte preparéieren. Elo wieren ëmmer méi Leit interesséiert a wéilte matmaachen. E Succès fir d’Membere vum Grupp.

Wéi vill ee mat Spenden erreeche kann, gesinn d’Julie an de Vic zu Nankhali. Si besichen eng Primärschoul, en Thema, wat si besonnesch interesséiert, vue dass si allebéid am Enseignement schaffen. Ze kleng Klassesäll, net genuch Schoulmaterial, ze vill Schüler pro Enseignant an en héijen Taux vu Kanner, déi sëtzebleiwen oder d’Schoul ofbriechen – dat si just puer vun de Problemer am Educatiounsberäich am Malawi. D’Schüler hunn hei souguer missen dobaussen ënnert de Beem léieren, esou de Peter Cyril Gwedele, Sous-Direkter vun der Primärschoul. D’Konsequenz: an der Reesaison wieren d’Schüler doheem bliwwen.

Mat Hëllef vun der Unicef huet sech dat awer geännert. Ufank des Joers goufen et mol keng Bänke fir d’Schüler. Elo hu se zousätzlech zu de 5 existéierende Säll, nach 6 nei Klassesäll, Toiletten, an eng Bibliothéik kritt a Stroum, wat de Vic besonnesch begeeschtert. Ee jonke Mann aus dem Duerf, dee bëssi technesch begaabt ass, ass vun der Schoul rekrutéiert ginn an huet mat Hëllef vu Wandrieder Stroum hiergestallt. Eng super Initiativ, fënnt de Vic.

No enger ganzer Rei Visitte vu Projeten a Begéinunge mat de Beneficiairen, déi vun der Unicef ënnerstëtzt ginn, geet dem Vic a Julie hir Rees am Malawi sou lues op een Enn. Et wier eng onbeschreiflech Erfarung gewiescht, erzielen déi zwee Global Parents. Fir de Vic hannerloosse virun allem d’Mënschen e bleiwenden Androck. An d’Julie huet sech fest virgeholl, doheem no weidere potentiellen Global Parents ze sichen.

Mat den Done vun de Global Parents ginn awer net just d’Kanner am Malawi ënnerstëtzt. A méi wéi 150 Länner ronderëm d’Welt ass d’Unicef aktiv a versicht, alle Kanner de bescht méigleche Start an d’Liewen ze bidden.

Back to Top
CIM LOGO