GriewerseenungEng Traditioun an en Ament, fir Famill a Frënn erëmzegesinn

Tim Morizet
Ronderëm Allerhellege respektiv Allerséilen ass et fir vill Leit e fixe Rendez-vous: De Besuch op de Kierfecht.
Griewerseenung ëm Allerhellegen an Allerséilen
Dëst ass eng Traditioun zu Lëtzebuerg, ma och fir vill Leit eng Geleeënheet, fir hir Frënn a Famill erëmzegesinn.

Op de Griewerseenunge a Masse gëtt un déi erënnert, déi net méi bei eis sinn. Et ass awer och en Dag, op deem de ganze Familljekrees zesummekënnt.

Esou huet Allerhellegen, d‘Fest vun den Hellegen, am Fong direkt näischt mat Griewerseenung ze dinn. An awer begéine sech all Joers dausende Leit virun de Griewer vun de Familljememberen, wéi eis den Deche Claude Bache erkläert.

Ech denken, et ass eng ganz schéin Traditioun bei eis am Land. Leider war se dat lescht Joer duerch Covid ënnerbrach ginn. Dofir sinn awer och nees vill Leit, déi dëst Joer do sinn. Et ass jo och eng sozial Saach. Se komme mat der Famill zesummen, se gesi Frënn vu fréier erëm. Et ass schonn eng Saach, wou eis als Kierch dru gehalen ass, datt mer déi Traditioun oprecht erhalen.“

Et sinn Erënnerungen, déi verbannen, flott, ewéi schlecht Amenter, Amenter, déi engem d'Kommen an d'Goe kloer maachen. De Dechen Claude Bache erënnert an deem Sënn, „datt d‘Liewen hei op der Äert wuel eng Kéier säi Schluss fënnt, ma datt dat kee definitive Schlussstréch ass, mä als Chrëschten dru gleewen, datt mer en neit Liewen an der Éiwegkeet kréien. E Liewen ouni Leed, Misär an Trauer.“

Och dëst Joer ass et nees d‘Opfuerderung vun äerzbëschoflecher Säit wärend der Griewerseenung Mask um Kierfecht unzehalen a wou et nëmme geet Distanzen ze halen.

D‘Griewer ginn tëscht dem 31. Oktober an dem 7 November geseent. D‘Traditiounen, déi sech duerch manner Personal änneren.

Mir hu 25 Kierfechter, déi mer ze seenen hunn an eiser Par. Mir hu 4 Geeschtlecher, an eng kleng Ekipp, wou mer eis déi opgedeelt hunn. Ech hunn de Mëtteg eleng zu Gréiwemaacher a Manternach Kierfechter ze seenen. Muer sinn et der och nach eng Kéier Zwee.“

Et ass en Dag wou al Liewensgeschichten nees an de Kapp kommen an derwäert sinn, nees ze erzielen an ze deelen. Et ass eng Plaz fir d‘Trauer a Péng, ma gläichzäiteg iwwerweit awer vläicht och heiansdo e Gefill vun Dankbarkeet.

RTL-News: Griewerseenungen op ee Bléck!
RTL-News: In Pace - Erënnerungen op Allerhellegen

Back to Top
CIM LOGO