Déi Responsabel vum Office Régional de Tourisme Musel haten e Sonndeg op Ohn invitéiert. Am Kader vum 10. Gebuertsdag vun der "Traumschleife" gouf eng Randonnée organiséiert, bei där eis 5 Sënner getest goufen.
Um 9 Kilometer laange Parcours kruten d'Wanderer op 4 verschiddene Stänn een Abléck iwwer déi spezifesch Vegetatioun an iwwer d'Déieren, déi hei liewen, an zum Schluss gouf et eng flott Vue iwwer Ohn.