
Viraussiichtlech de Wanter soll eng Léisung fonnt ginn, fir der Iechternacher Grondschoul eng Méiglechkeet ze ginn, fir nees wärend dem Sportunterrecht Schwammen ze goen. D'Iechternacher Schwämm war jo am Héichwaasser am Juli sou schlëmm beschiedegt ginn, datt se net méi opmaache kann. Wéi den Educatiounsminister op eng parlamentaresch Fro vum adr-Deputéierten Fred Keup schreift, gëtt de Schwammunterrecht am Lycée duerch Sport am Sall ersat.
Déi zwee Turnsäll an d'Sportinfrastrukturen dobausse kënnen nees fir de Sport benotzt ginn. Donieft ass eng provisoresch Sportshal um sougenannten "Bulettesterrain" geplangt. D'Diskussioune wieren awer nach an der Ufanksphas, sou de Minister, deen hei guer net weider an den Detail geet. Am Gemengerot Uganks der Woch gouf als Käschtepunkt, der geschriwwener Press no, 8,1 Milliounen Euro genannt. Déi provisoresch Hal, an där och d'Sportsveräiner trainéiere solle kënnen an d'Competitiounen organiséiert ginn, soll am November 2022 fäerdeg sinn.
De Bau vun der neier Hal fir de Lycée wier weider an den Delaien a soll uganks 2023 ofgeschloss sinn. Fir d'Grondschoul gouf no der Allerhellegevakanz en alternative Stonneplang op d'Bee gesat, fir de Schüler och erëm banne Sportunterrecht z'offréieren, entweder am Festsall oder an der Jugendherberg.