
Aktuell si 11 Persounen hospitaliséiert, dovunner 5 op der Intensivstatioun.
Am Ganze goufe bis ewell 640.604 Impf-Dosisse genotzt. 1.684 Leit kruten en Donneschdeg hir 1. Dosis gesprëtzt. Fir 4.938 Persoune war et déi 2. Impfung.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,89. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.