
Aktuell sinn 22 Persounen hospitaliséiert, dovunner si siwe Patienten op der Intensivstatioun.
Am Ganze goufe bis ewell 799.447 Impf-Dosisse genotzt. 933 Leit kruten e Méindeg hir 1. Dosis gesprëtzt, fir 137 Persoune war et déi 2. Impfung. 412.695 Awunner gëllen als komplett geimpft.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,1. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.