
Dobäi gouf gekuckt, ob sech un d'Hygiènesmesuren a Fermeture-Zäite gehale gouf. Vereenzelt Verstéiss goufe bei Caféen an Eenzelpersoune festgestallt, déi d'Corona-Virschrëften net agehalen hunn. 5 Caféë goufe protokolléiert, souwéi 10 Persounen.
Donieft hunn 2 Männer de 17. September wärend engem Evenement zu Ettelbréck an der Grand-Rue refuséiert, sech op déi Plazen ze sëtzen, déi fir si virgesi waren. Obwuel d'Beamte si e puer Mol dozou opgefuerdert haten, hu béid Persounen hire Béier weider am Stoe consomméiert. Als Konsequenz goufe si protokolléiert.
