Am LokalenEng Partie Accidenter op eise Stroossen

RTL Lëtzebuerg
Am Lokale gouf et e Samschdeg den Owend an an der Nuecht op e Sonndeg eng Rei Accidenter.

Direkt dräi Persoune goufe verwonnt wéi géint 22.40 Auer op der Collectrice an der Géigend vum Tunnel Aessen dräi Autoen a Richtung Esch aneneegerannt sinn.

Tëscht Nidderwampech an der Schleef war e Bus um 22.20 Auer an e Bam gerannt. Hei gouf ee Mënsch verwonnt.

Ee Blesséierten gouf et och an der Nuecht op e Sonndeg um 3.30 Auer, wéi en Automobilist mat sengem Gefier um Kierchbierg beim Rond-Point Serra an eng Mauer geknuppt ass.

Back to Top
CIM LOGO