Krichsmunitioun entdeckt Eng Panzergranat gouf op der Plaz vun Experten neutraliséiert

RTL Lëtzebuerg
Zu Dol ass de Mëtteg kuerz no zwou Auer eng Panzergranat aus dem Zweete Weltkrich fonnt ginn.

D'Experte vum Service de déminage vun der Arméi hunn d'Munitioun op der Plaz neutraliséiert.

Aus Sécherheetsgrënn huet d'Ëmgéigend fir ronn eng Stonn musse gespaart ginn.

Back to Top
CIM LOGO