Wéi op villen anere Plazen och goufen zu Munneref e Sonndeg d'Griewer geseent. Den 1. November ginn traditionell op ville Kierfechter zu Lëtzebuerg d'Griewer geseent. Et gëtt sech un déi Verstuerwen erënnert. Op Allerhellegen an Allerséilen hunn déi Geeschtlech vill Aarbecht. Dacks gi si scho virum 1. November eraus Griewer seenen.
"Mir feieren d'Liewen" - ënnert deem Motto stoung e Sonndeg de Moien d'Mass zu Munneref, déi um 10:30 Auer ugefaangen huet. Mondorff a Frankräich, also d'Nopeschgemeng vu Munneref, huet keng Kierch an eréischt zanter e puer Joerzéngten en eegene Kierfecht. Déi verstuerwe Leit aus dem franséische Mondorff goufe fréier op lëtzebuergescher Säit begruewen.