Domat wäert ënnert anerem eng Impfflicht fir d'Gesondheets- a Fleegepersonal agefouert ginn. An Däitschland soll iwwerdeems zwar keng Impfflicht komme mä ferm Aschränkunge fir net geimpfte Persounen. An och hei am Land ass d'Aféierung vun enger Impfflicht reegelméisseg Thema. Engersäits well vulnerabel Leit musse beschtméiglech virun enger Covid-Infektioun protegéiert ginn, anersäits well esou Mesuren awer och e staarken Aschnëtt an déi individuell Fräiheete vun all Eenzele kënne sinn.
Méiglecherweis kann de Wee vun enger Impfflicht awer och Konsequenze fir déi ganz Gesellschaft hunn, seet d'Karin Weyer, Psychologin bei der ASBL Respect.lu déi sech géint Radikaliséieren an der Gesellschaft engagéiert.
Karin Weyer: "Eng zunehmend Polariséierung gesinn ech tatsächlech als déi gréisste Gefor. Dëst wann ugefaange gëtt méi a méi vu mir, déi eis impfe gelooss hunn, an dir, déi iech net impfe loosst, geschwat gëtt. Wann een dat praktesch zu enger Identitéit mécht vun deene Geimpften an Net-Geimpften. Da riskéiert een, dass wierklech de Widderstand, vun deenen, déi dogéint sinn, géint eis Gesellschaft einfach zouhëlt. Dass et méi a méi zur Polariséierung kënnt. Dass ee manner nuancéiert kann iwwert de Sujet schwätzen."
Wann dëst suggeréiert gëtt, fille sech eenzel Leit ausgegrenzt an deels och verfollegt, wat den Extremisten an d'Kaart spillt.
Karin Weyer: "Et ass awer esou, dat kréie mer och mat, dass iwwer déi Schinn Leit a Kontakt mat méi extremistesche Gruppéierunge kommen. Déi bis dato dat awer net gemaach hunn."
Dacks géing dann och nach op aner Verschwörungs-Theorien zréckgegraff ginn a sech esou Narrativer deels vermëschen.
Ier een zu Lëtzebuerg géing decidéieren, eng Impfflicht anzeféieren, missten awer all aner Méiglechkeete genotzt ginn, seet d'Karin Weyer. Bei der Diskussioun ëm eng Impfflicht däerft op kee Fall pauschaliséiert a polariséiert ginn. Nuancéiert Positioune missten zougelooss ginn, ouni ze vereinfachen.
