
Wéi eng Léiere kënnen aus der Héichwaasserkatastroph vu Mëtt Juli an der Gestioun vun dëser gezu ginn? Dat war de Sujet vun engem Rapport, deen d'Inneministesch Taina Bofferding an d'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg den Deputéierte vun den zoustännege Kommissiounen an der Chamber en Donneschdeg virgestallt hunn. Rieds goung ëm Responsabilitéite vun den Autoritéiten an den Informatiounsfloss.
Erklärunge vum Diana Hoffmann.
Bleiwe mer mol direkt beim Informatiounsfloss. Wat steet dozou am Rapport? Wéi huet dëse geklappt?
Et muss ee soen, datt an där Hisiicht alles gutt geklappt huet, datt keng Persoun duerch déi schlëmm Iwwerschwemmungen ëm d'Liewe komm ass. Reagéiert gouf och séier. Ma d'Lag war net vun Ufank un direkt als extrem preoccupant ageschat ginn.
Wéi mengs de dat?
Et wier esou gewiescht, dass d'Wiederlag, déi zu deem aussergewéinleche Reen mat Rekordnidderschlei gefouert huet, och Stonne virdrun nach net kloer ze erkenne war. Sou ass d'Situatioun ugangs villäicht och ënnerschat ginn. Am Rapport liest een, datt eréischt Mëttwochmoies, den Dag wou de Staarkreen Owes lass gaangen ass, fir deen Dag vu Meteolux eng Alerte orange erausgi war.
Alerte orange heescht, dass et eng Gefor gëtt. Dono gëtt et just nach Alerte rouge: extrem Gefor. Ass da séier reagéiert ginn? D'Leit informéiert?
Jo, de CGDIS huet Messagen op di sozial Reseaue gesat, mëttes kuerz no 14 Auer goufe Buergermeeschteren iwwer SMS iwwert de Risk vun Iwwerschwemmungen, besonnesch fir Gebidder bei Flëss gewarnt. Sou sollt zum Beispill iwwer d'Evakuatioun vu Campingen nogeduecht ginn. Am Laf vum Owend ëm 17 Auer gouf dunn awer vun der Waasserverwaltung eng Alerte rouge erausginn. Dat bedeit, datt d'Flëss géingen uschwëllen, wat zu staarken Iwwerschwemmunge féiere kéint. De Krisestaf ass dann och um Mëtternuecht zesummekomm.
Rettungsdéngschter, CGDIS, Arméi, an esou weider ware jo séier op der Plaz. Wat sinn awer d'Leieren, déi aus der Kris gezu gi sinn?
Vum operationellen Niveau hier, also wat d'Gestioun vun esou Naturkatastrophe betrëfft, wëll een an Zukunft méi kloer definéieren, wat d'Rollen an d'Responsabilitéite vun deenen eenzelen Acteure sinn. Och d'Kommunikatioun ënnerteneen wëll ee verbesseren. Dee wichtegste Punkt, dee menger Meenung no am Rapport steet, ass awer, datt ee wëll d'Kommunikatioun mat der Populatioun verbesseren.
Ass déi bis elo dann net gutt gewiescht?
Kuckt een d'Zuelen am Rapport, dann éischter net. Iwwer sozial Medien huet de CGDIS Noriichte verschéckt. D'Reechwäit ass dobäi awer éischter marginal. An och d'Unzuel vun d'Leit di op de Sitte wei innondation.lu oder Meteolux ageschriwwe sinn, ass wierklech kleng. Bleift nach GouvAlert, eng App déi d'Leit soll warne bei diverse Geforen. Och do goufe mer jo scho gewuer, dat de System net geklappt huet wéinst enger ofgelafer Lizenz. A souwisou sinn och do éischter wéineg Leit abonéiert.
Wat wëll een dann elo do konkret maachen, fir eppes ze änneren?
Et wëll ee sech ënner anerem Gedanke maachen, wéi eng Roll d'Medie bei der Verbreedung vu wichtege Message solle spillen. Hei kënne mir eis op d'Schëller klappen. Am Rapport steet, datt besonnesch rtl.lu an Rtl Radio d'Alerten un de Public weiderginn hätten. Doriwwer eraus, wëll ee sech awer och iwwerleeën, wei eng Kommunikatiounsweeër nach kënne genotzt ginn, fir all Awunner ze erreechen, an och Leit déi zu Lëtzebuerg ënnerwee sinn. Zum Beispill iwwer d'Panneauen op der Autobunn. An och ënner anerem iwwer SMSen, déi un all d'Leit déi an enger gewësser Zon ënnerwee si verschéckt ginn, ass am Rapport erëm rieds. Wuel eng ganz effikass Methode, déi a ville Länner haut scho genotzt gëtt.
Just nach kuerz. Wat sot dann d'Oppositioun bis elo dozou?
Wéist sech wéineg zefridden, a fuerdert nach ëmmer en méi onofhängege Rapport, wéi dat och am Ausland dacks de Fall ass.
Et hätt villes net geklappt déi Deeg op deene Lëtzebuerg vun den schwéieren Iwwerschwemmungen iwwerrascht gouf. Dat soen d’CSV, d’Piraten an d’ADR op Nofro hin. En Donneschdeg kruten d'Deputéiert nämlech de Rapport iwwer d’Krisegestioun am Kader vun den Inondatiounen den 14. a 15. Juli presentéiert. Nëmmen ass dee Rapport intern beim Staat gemaach ginn, an dofir wär villes méi schéin ausgedréckt, ewéi et a Realitéit war, kritiséiert de Fraktiounschef vun der CSV Gilles Roth.
D’CSV mä och d’Piraten fannen et skandaléis, dass den Alarmsystem vum Staat net declenchéiert gi war.
D’Inneministesch Taina Bofferding an d’Ëmweltministesch Carole Dieschbourg géifen hir Feeler net agesinn, respektiv net kloer benennen, seet de Fred Keup vun der ADR. Grad ewéi déi Chrëschtlech-Sozial fuerdert seng Partei, dass en externen Audit gemaach gëtt.
D’Pirate sinn net géint esou eng Initiativ. Allerdéngs ass et hinne méi wichteg, dass d'Land fir eng nächst Naturkatastroph besser preparéiert ass.