1 BlesséiertenEn Donneschdeg den Owend sinn op der A4 Richtung Stad zwee Autoe kollidéiert

Andy Brücker
Geschitt ass den Accident a Richtung Stad, dat op der Héicht vum Echangeur Féiz.
© Laurent Weber

Accident en Donneschdeg den Owend kuerz no 22 Auer op der A4 Richtung Stad. Op der Héicht vum Echangeur Féiz krute sech zwee Autoen ze paken. Wéi de CGDIS mellt, gouf eng Persoun verwonnt. D’Pompjeeë vun Esch a Schëffleng waren op d’Plaz geruff ginn, grad ewéi eng Ambulanz vun Esch.

E Freideg de Moie gouf eng Persoun verwonnt, nodeems op der Streck tëscht Garnech an Duelem dräi Autoen an en Accident verwéckelt waren. D’Pompjeeë vu Koler an d’Ambulanz vu Mamer waren op der Plaz.

Back to Top
CIM LOGO