Réimervilla zu GiewelËmmer nees ginn nei Infrastrukture fonnt an ausgegruewen

RTL Lëtzebuerg
Aacht Gebaier aus Steen huet ee schonn um Site vun der fréierer Réimervilla fonnt an ausgegruewen, e puer leien hei nach verstoppt a musse verschafft ginn.
© RTL Télé

Et fënnt een och reegelméisseg Keramikreschter, Neel a Metallstécker. De Fokus läit awer ganz kloer op dem Ausgruewe vun de Baute vum Site. E Mëttwoch goung et ëm d'Verteidegungsgrief, déi sech ënnert de Steng verstoppen. D'Villa wiisst also all Joers weider. Sou gëtt, fir d'Nowuess-Participatioun ze motivéieren, och dëst Joer nees e Camp um Site vun der Villa organiséiert.

29 Jonker hate sech fir dësen ugemellt, deemno eng héich Participatioun dëst Joer. Ma et wär jo och eng flott a praktesch Erfarung, sou de Gruewungsleeder Yves Lahur:

Et ass richteg fir unzepaken. Dat heescht, alles wat mir fannen, kann een upaken. Wat déi Jonk betrefft: Déi Villa hei ass an den Geschichtsbicher vum Fondamentale. Dat Réimescht Liewen um Land gëtt unhand vun dëser Villa presentéiert. Déi Kanner hunn d'Villa alleguer schonn eng Kéier gesinn.

D'Réimervilla ass net nëmme fir den Hobby-Archeolog eng flott Erfarung, ma och fir déi, déi sech kéinte virstellen, et haaptberufflech ze maachen. De Beruff vum Archeolog hätt mam Bau-Boom och zu Lëtzebuerg nees u Popularitéit gewonnen. Virum Baue mussen nämlech dacks Sondagë gemaach ginn.

D'Nicole Berg, Archeologie-Studentin op der Uni zu Aberdeen erkläert: „Fir ze kucken, ob näischt Archeologesches am Buedem leit, gëtt den Ament all Student gebraucht, dee fäerdeg ass, fir direkt agestallt ze ginn. Ech perséinlech kennen och Leit, déi a Firmen agestallt sinn an déi vill ënnerwee sinn. Et ass vill Potential do.

Bis e Samschden nach gëtt fläisseg gekappt a gekraazt. Doriwwer eraus, gëtt ëmmer dënschdes a samschdes um Site geschafft.

Back to Top
CIM LOGO